Hausarrest fir fréiere President Jair Bolsonaro

© AFP/Archiv/Mateus Bonomi
Den ieweschte Riichter huet Ufank der Woch decidéiert, datt de Jair Bolsonaro seng Wunneng net méi verloossen dierf.
De fréiere President vu Brasilien Jair Bolsonaro, dee wéinst engem Putschversuch ugeklot ass, krut e Méindeg vum Riichter Alexandre de Moraes net nëmme verbueden, seng Wunneng ze verloossen, mee och Onlineplattformen oder den Telefon ze benotzen. Dëst mat der Begrënnung, hien hätt géint Oploe verstouss. Mat Ausnam vu sengen Affekoten dierf soss keen hie besichen. E weidere Verstouss géing bedeiten, dass hie festgeholl gëtt.
Dëst ass awer net déi éischt Konsequenz fir den ultrarietse Politiker. Virun zwou Wochen hat de Riichter him scho verbueden, un de Weekender an an der Nuecht d'Wunneng ze verloossen. Eng Fessel um Fouss huet hien och scho missen undoen.
Obwuel dem Bolsonaro kloer gesot gi war, dass de Kontakt zu aneren Ambassaden an Agencen ze ënnerloossen ass, gouf et e Sonndeg dann awer e Gespréich tëscht dem fréiere President a sengem eelste Bouf. Doropshin ass den Bolsonaro vum Alexandre de Moares staark kritiséiert ginn.
Bei de Walen am Joer 2022 soll de Jair Bolsonaro versicht hunn, d'Resultater, déi fir säi Géigner, de Luiz Inácio da Silva geschwat hunn, ze kippen. Den 8. Januar 2023 haten an der brasilianescher Haaptstad Brasilia Supporter vum Bolsonaro de Kongress, de Siège vum President a vum Ieweschte Geriicht gestiermt a fir massiv Schied gesuergt. D'Zeenen hu staark un de 6. Januar 2021 an de USA erënnert, wéi Supporter vum US-President Trump de Kongress zu Washington D.C. gestiermt hunn.
Niewent der Ënnerstëtzung vu sengem Jong huet de Bolsonaro virun allem och déi vum US-amerikanesche President. Déi amerikanesch Regierung huet beispillsweis Sanktioune géint de Riichter Moraes agefouert a gëtt als Grond un, et géing sech ëm eng "politesch motivéiert Verfollgung" vum Bolsonaro handelen. Den US-President huet dobäi souguer vun enger "Hexejuegd" geschwat.