Zanter Jore gëtt d'Situatioun am Great Barrier Reef virun Australien ëmmer méi schlecht. Elo huet d'Ofstierwe vu Korallen hei e Rekord-Aussmooss erreecht.

Wéi et an enger Etüd e Mëttwoch heescht, hätte Fuerscher déi gréisste Fläch u gebleechte Korallen zanter dem Ufank vun de Miessunge viru knapp 40 Joer registréiert. Grond wieren héich Waassertemperaturen am leschte Joer, déi bei de Koralle fir groussen "Hëtztstress" gesuergt hätten.

Bei de Waassertemperaturen, déi ëmmer méi klammen, stoussen d'Korallen Algen of, déi op hinne liewen, fir z'iwwerliewen. Dës Alge si faarweg a mikroskopesch kleng. Bleiwen d'Waassertemperaturen héich, ginn d'Koralle wäiss a stierwen. An de leschten zwee Joer sinn op dës Manéier iwwer 80 Prozent vun alle Koralleriffer weltwäit ofgestuerwen.

"Haaptgrond ass de Klimawandel", sot de Chef vun de Fuerscher vum australeschen Institut fir Miereswëssenschaften, de Mike Emslie, der Noriichtenagence AFP géigeniwwer. "Doru gëtt et keen Zweiwel."

D'Koralle leiden och ënnert de Konsequenze vun tropesche Wirbelstierm. Ausserdeem verbreet sech de sougenannten "Dornekroune-Séistär", eng invasiv Aart, déi sech vu Korallen ernäert.

Am schlëmmsten trëfft d'Koralle-Bleech de Fuerscher no d'Aarte vun der Acropora. Dës Koralle wuesse séier, sinn awer och déi éischt, déi aus bleechen. D'Riffer wäerte Jore brauchen, fir sech vun der Rekord-Bleech z'erhuelen – wann iwwerhaapt, warnen d'Fuerscher. Viraussetzung fir en Erhuele wieren e séiere Wuesstem vun de Korallen an nëmme minimal Stéierunge vun der Ëmwelt.

Dat sougenannt Great Barrier Reef an Australien, dat sech iwwer 2.300 Kilometer zitt, ass mat 2.500 eenzele Riffer déi gréissten Usammlung vu Koralleriffer op der Welt a gehéiert zum Unesco-Weltkulturierwen.