Op d'mannst een Doudesaffer bei Bëschbränn am Departement Aude
Am Südweste vu Frankräich ass den Ament e schlëmme Bëschbrand amgaangen.
Ugefaange mat brennen huet et en Dënschdegnomëtteg um 16 Auer. Antëscht huet d'Feier sech op eng Fläch vun iwwer 15.000 Hektar ausgebreet. D’Vitess, mat där sech d’Flamen ausbreeden, wier eppes, wat een esou nach net kannt huet, gëtt de Kommandant vun de lokale Pompjeeën zitéiert.
Zu Saint-Laurent-de-la-Cabrerisse ass eng Fra ëm d'Liewe komm. Op d'mannst néng Persoune goufen iwwerdeems blesséiert, eng dovunner schwéier.
De franséische Premier François Bayrou gëtt sech am Nomëtteg op der Plaz erwaart. Et lafen och zwou Enquêten fir d'Ursaach vum Brand ze klären.
Iwwer 1.200 Pompjeeë sinn den Ament am Asaz, fir dem Feier Meeschter ze ginn. Si gi vun néng Läschfligeren an zwee Helikopteren ënnerstëtzt. Ronn 5.000 Stéit sinn aktuell vum Stroumreseau ofgeschnidden.

© OLIVIER CHASSIGNOLE / AFP
Zanter 22.30 Auer en Dënschdegowend ass d'Autobunn A61 tëscht Narbonne a Carcassonne wéinst dem Feier gespaart. Och d'A9 tëscht Perpignan an Narbonne huet mussen an déi zwou Richtunge gespaart ginn, well d'Feier sech an déi Richtung beweegt huet.