D'Police sicht no dräi verdächtege Persounen

© Kevin Schößler
Géint 17.20 Auer Méindegowend ass et zu Traben-Trarbach an der Enkircherstraße zu engem schwéieren Iwwerfall komm.
Wéi d'Police vun Tréier matdeelt, sollen hei dräi bis ewell onbekannt Täter, zwee aner Männer, déi deen Ament an engem geparkte Gefier souzen, iwwerfall hunn. D'Täter wieren deelweis maskéiert gewiescht an hätten op d'mannst eng Schosswaff dobäi gehat. Bei den Affer soll et sech ëm e 60 an en 21 Joer ale Mann gehandelt hunn.
D'Police sicht aktuell nach ëmmer no den Täter a freet dobäi och no Hëllef aus der Bevëlkerung. Déi dräi Verdächteg gi folgendermoosse beschriwwen:
Den éischte presuméierten Täter soll tëscht 25 an 30 Joer al an 1.80 bis 1.85 Meter grouss sinn. Hie soll eng normal respektiv sportlech Figur a kuerz schwaarz Hoer hunn. Hien hätt eng donkelblo Joggingsjackett ugehat, bei där d'Schëllere rout gewiescht wieren. Ënnert der Jackett hätt hien e wäissen T-Shirt gedroen. Ausserdeem hätt hien eng donkel Box, a wäiss Schong ugehat. Beim Iwwerfall soll hie seng Nues a säi Mond mat engem Duch oder Schal verdeckt hunn.
Och den zweete Verdächtegen hätt tëscht 25 an 30 Joer gehat. Hie wier tëscht 1.75 an 1.80 Meter grouss a kräfteg gebaut gewiescht. Hien hätt kuerz schwaarz Hoer gehat. Hien hätt e schwaarzen T-Shirt, eng donkel Box an däischter Schong ugehat. Hie wier beim Iwwerfall mat enger Pistoul bewaffnet gewiescht an hätt den ënneschten Deel vum Gesiicht mat engem Duch oder Schal verdeckt.
Den drëtte Verdächtegen wier tëscht 25 a 35 Joer al gewiescht. Hie wier tëscht 1.80 an 1.90 Meter grouss gewiescht an hätt eng athleetesch Statur gehat. Hien hätt e schwaarzen T-Shirt, eng donkel Box, hell Schong an eng Kagull ugehat.
D'Enquêteure ginn dovun aus, dass d'Affer net zoufälleg ausgewielt goufen. Et géif Indice fir eng Relatioun tëscht Affer an Täter ginn.