80 Joer no Hiroshima an Nagasaki geréit den internationale Konsens géint den Asaz vun Atomwaffen ënner Drock – eng Entwécklung, déi weltwäit Suerge mécht.

No Hiroshima an Nagasaki hat sech eng staark international Norm entwéckelt, déi den Asaz vun Atomwaffen als moralesch inakzeptabel stigmatiséiert huet. 80 Joer duerno, bréckelt den nuklearen Tabu. "Et ass alarméierend, datt dësen Tabu haut ënner Drock steet", sou de President vum norwegeschen Nobel-Kommitee, Jorgen Watne Frydnes.

Offiziell ginn et néng Atommuechten. D'USA an d'Sowjetunioun hu wärend dem kale Krich d'Course ëm d'Oprëschtung lancéiert, déi zur sougenannter MAD-Doktrin gefouert huet. Dëst steet fir "Mutually assured destruction" – also wuertwiertlech "géigesäiteg assuréiert Destruktioun" – eng Theorie, déi d'Gefor vun enger nuklearer Apokalypse als Ofschreckung gesäit.

"D’Konditioune fir den Asaz vun Atomwaffe si kloer definéiert. Mir wäerten dës Méiglechkeet betruechten, am Fall wou et zouverlässeg Informatiounen iwwer massiv Attacken aus der Loft oder am Weltraum ginn, déi eis Grenze verletzen", sou eng Ausso vum russesche President Vladimir Putin.
 
Zanter dem Ufank vum Krich an der Ukrain hu russesch Politiker e puer Mol mam Asaz vun Atomwaffe gedreet, dat am Fall wou westlech Alliéiert eng rout Linn iwwerschreide géifen.

Fir den Daniel Hogsta, stellvertriedenden Direkter vun der sougenannter Internationaler Campagne fir d'Ofschafe vun Atomwaffen, ass eent kloer: "An Zäite vu Konflikt an internationaler Spannung sinn Atomwaffen extrem geféierlech. Kee weess genee, wat a Käpp vu Leader wéi dem Putin virgeet."

Och de Generalsekretär vun de Vereente Natiounen, den Antonio Guterres, warnt virun engem nukleare Risiko, wéi en zanter Joerzéngten net méi gesi gouf: "Geopolitesch Spannungen a Mësstrauen hunn de Risiko vun engem nukleare Krich op säin héchste Punkt zanter Joerzéngte bruecht. D'Doomsday Clock tickt esou haart, datt jidderee se héiert."

De Stockholmer Fuerschungsinstitut fir Fridden SIPRI geet dervun aus, dat Russland weltwäit am meeschten atomar Sprengkäpp huet. D'USA ass hannendrun, iwwerdeems China däitlech oprëscht. Den Dan Smith, Direkter vum SIPRI, bezeechent dëst als "Warnzeeche vun enger neier Course ëm atomar Oprëschtung".
 
D'Blécker konzentréieren sech awer net just op d'USA, Russland a China. Den iraneschen Atomprogramm steet kloer mat um Ursprong vun der rezentster Eskalatioun mam Iran, deen der internationaler Atomenergie-Agence no genuch Material hat oder hätt, fir 10 Atombommen. Schätzungen no hat den Iran 90 Sprengkäpp bei sech lagert.

"Mir hunn d'Häerz vum iraneschen Nuklear-Waffeprogramm getraff", sou den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu no de rezenten Attacken op den Iran.

An Europa gi Frankräich a Groussbritannien als Atommuecht ugesinn. Iwwerdeems weider Staaten – wei d'Belsch, Däitschland an Italien – US-Amerikanesch Sprengkäpp bei sech lageren.