"Rezent Serie vu globalen Temperaturrekorder virop ënnerbrach"

© AFP
Zwar wier déi rezent Serie vu globalen Temperaturrekorder virop ënnerbrach, ma dat géing awer net heeschen, datt de Klimawandel gestoppt gi wier.
De Juli dëst Joer war global gesinn deen drëtt-wäermsten dee jeemools registréiert gouf. Dat mellt Copernicus, den europäeschen Klima- an Äerdobservatiounsservice. "Zwee Joer nom wäermste Juli zanter dem Ufank vun den Opzeechnungen ass déi rezent Serie vu globalen Temperaturrekorder virop ënnerbrach", sot de Copernicus-Direkter Carlo Buontempo.
Dat géing allerdéngs net heeschen, datt de Klimawandel gestoppt gi wier. Sëllege Regioune wiere weiderhi vu verstäerkten extreeme Wieder-Evenementer betraff gewiescht.
An eenzele Regiounen op der Welt war et nämlech am Juli sou waarm wéi soss nach ni. An der Tierkei goufen eng éischte Kéier 50 Grad Celsius gemooss an och a Skandinavien an Asien goufe Rekord-Temperature registréiert. Wärenddeem gouf et am Juli a Pakistan an am Norde vu China extreeme Reen, an a Kanada a Griicheland waren hefteg Bëschbränn amgaangen.

© Copernicus
Wéi schonn am Juni war och am Juli am weltwäiten Duerchschnëtt e liichte Réckgang vun den Temperature géigeniwwer den zwee Joer virdru registréiert ginn. Dat mat duerchschnëttlech 1,25 Grad Celsius iwwert dem virindustriellen Niveau. 2023 an 2024 hat d'Erwiermung iwwer 1,5 Grad Celsius iwwer dem Referenzwäert geleeën, deen 2015 am Paräisser Klimaofkommes als Zil festgeluecht gouf.
Wa sech d'Konzentratioun vum CO2 an der Atmosphär net séier stabiliséiere géing, "musse mir net nëmme mat neien Temperatur-Rekorder rechnen, mä och mat enger Verschäerfung vun de Konsequenzen", sot de Buontempo nach.