Méi héich US-Taxe fir EU an aner Handelspartner a Kraaft

© AFP
Mat den neie Stroftaxen, déi en Donneschdeg a Kraaft getruede sinn, sinn d'Importer aus ronn 70 Länner an den USA méi deier.
"Et ass Mëtternuecht! Milliarden Dollar un Taxe fléissen elo an d'USA", huet den US-President Donald Trump op senger Plattform Truth Social erkläert. Déi amerikanesch Regierung erwaart sech duerch d'Hausse vun den Taxen ausgeglachen Handelsbilanzen a méi Investissementer an Aarbechtsplazen an den USA. Ekonomisten zweiwelen awer un dëse Mesuren.
15 Prozent hei, 40 Prozent do: Nëmme wéineg Länner si vum President Trump sengen, deels arbiträr festgesate, Stroftaxe verschount bliwwen. Déi en Donneschdeg a Kraaft getrueden Tariffer op Importer aus 67 Länner sinn um héchsten Niveau zanter de leschten 100 Joer. D’Begrënnung dofir sinn dem Wäissen Haus no den USA hir Handelsdefiziter, déi fir si een nationale Sécherheetsrisiko wieren.
Op de soziale Medien huet den Donald Trump ausserdeem nach emol widderholl, datt d'Taxen d'USA nees "grouss a räich wäerte maachen". D'EU an aner Handelspartner hätten d’USA mat hiren Exporter joerzéngtelaang iwwert den Dësch gezunn.
Nodeems den Trump an d’EU-Kommissiounspresidentin von der Leyen a Schottland virun 2 Wochen een Deal ausgeschafft hunn, leien déi fir Lëtzebuerg relevant Stroftaxe géint d’EU bei 15%. Dat ass zwar wuel manner wéi déi gefaarte 27,5%, awer beispillsweis däitlech iwwert den 2,5%, déi bis haut fir den Import vun Europäeschen Autoen gegollt hunn. D'EU huet den USA iwwerdeems an den Negociatiounen Investissementer a Milliardenhéicht zougeséchert.
Wirtschaftsexperte ginn dovunner aus, datt béid Säiten ënnert dëser aggressiver Handelspolitik vum Trump verléieren: D'EU-Exporter an d'USA wäerte sécherlech erof goen, Estimatioune sinn awer schwiereg, dat well déi genee Dispositioune vum Handelsdeal nach net festgehale sinn. An den USA gesäit een iwwerdeems elo schonn, datt d'Inflatioun erop, an domat d'Kafkraaft erof geet. Och amerikanesch Entreprisë gesinn d'Stroftaxe wéinst der onstabiller Wirtschaftslag skeptesch.
Am Verglach mat anere Länner ass d'EU nach net esou schlecht ewech komm: D'Schwäiz ass mat 39% beispillsweis besonnesch haart getraff. Déi Schwäizer Presidentin Keller-Sutter war dowéinst nach e Mëttwoch an d'USA gereest, fir sech mat hirem gréissten Handelspartner eens ze ginn, dat awer ouni Erfolleg. Fir en Donneschdeg de Mëtten ass dofir eng Krisesëtzung vun der Schwäizer Regierung virgesinn.