Däitschland wäert "Grenzkontrolle weider bäibehalen"

© AFP
Den däitschen Inneminister Alexander Dobrindt wëll déi temporär Kontrollen un allen däitsche Landesgrenzen op en Neits verlängeren.
"Mir wäerten d'Grenzkontrolle weider bäibehalen", sot de Minister Dobrindt am Podcast "Table.Today", deen en Donneschdeg publizéiert gouf. Et wäert souwuel Kontrolle wéi och Zréckweisungen iwwer de September eraus ginn.
Ufank Mee hat den Dobrindt, kuerz nodeems hien d'Amt als Inneminister iwwerholl hat, déi verschäerft Grenzkontrollen annoncéiert. Doriwwer eraus huet hien d'Zréckweisunge vun Asyl-Demandeuren ordonéiert.
Donieft géing och u weideren Expulsioune geschafft ginn. "Et ass eis gelongen, e Fluch an Afghanistan z'organiséieren, an deem Täter, déi fir uerg Strofdote verurteelt goufen, expulséiert gi sinn. Dat ka keng eemoleg Mesure bleiwen", sot den Dobrindt weider. Déi däitsch Regierung géing doru schaffen, weider Expulsiounsflich an den Afghanistan a Syrien z'organiséieren.
Däitschland hat de leschte Mount fir déi zweet Kéier, zanterdeem d'Taliban d'Muecht iwwerholl hunn, Asyl-Demandeuren an den Afghanistan expulséiert. Dem Alexander Dobrindt no wieren et 81 Täter, déi fir uerg Dote verurteelt goufen. En éischte Fluch gouf et schonn am August 2024.