Zanter en Donneschdeg gëlle jo nei Stroftaxe vun der US-Regierung géint Importer aus am Ganze 67 Länner.

Dem Donald Trump seng Negociatiounstaktik / Eng Analys vum Céline Eischen

Déi fir Lëtzebuerg relevant Stroftaxe géint d’EU leie bei 15%: Dat ass wuel manner wéi déi gefaarten 27,5% awer däitlech méi héich wéi d’Taxe vu bis elo. Des Mesurë sinn Deel vun enger méi breeder Strategie vum amerikanesche President, deen d’Handelspolitik verstäerkt als Drockmëttel a Verhandlungen asetzt.
 
Dem President Trump seng Negociatiounstaktik an der Handelspolitik ass net nei: Annoncéiert héich Taxe ginn dacks als Instrument genotzt fir nei Verhandlungen unzestoussen. Dat weist sech och um Beispill vun den aktuellen Negociatioune mat der EU: Déi US-amerikanesch Regierung huet domat gedreet, Importer aus der EU mat 27,5% ze taxéieren. Um Verhandlungsdësch hu sech Trump a Von der Leyen op 15 Prozent gëeenegt, an d'EU huet zougeséchert, a Milliardenhéicht an d'USA ze investéieren, sief dat duerch Europäesch Entreprisen oder duerch de Kaf vun amerikanescher Energie. Sollt dat net geschéien, ginn d'Taxen op 35% erop.

Eng änlech Approche gesäit een och an der Annonce vun en Donneschdeg de Moien, an där den amerikanesche President envisagéiert, importéiert elektresch Chips a Semi-Conducteuren, déi a Smartphones a Computere verbaut sinn, mat 100% ze taxéieren. Grouss amerikanesch Tech-Entreprisë kënnen dës Taxen evitéieren, wa se genuch an den USA investéieren. Dofir war och de CEO vun Apple, den Tim Cook, am Oval Office op Besuch fir nei Investissementer an den USA ze annoncéieren. Domat brécht de President Trump mat sengem Virgänger Joe Biden, deen amplaz vu Stroftaxen op Subventiounen a Milliardenhéicht gesat huet. Mat esou enger Subventiounsstrategie investéiert d'EU iwwregens och an europäesch Chip-Produktiounen. Den Ament gi jo déi meeschten Chips an Asien produzéiert.

Andeems déi amerikanesch Regierung op Stroftaxen amplaz op Subventioune setzt, gi Wirtschaftsexperten dovunner aus, datt d'Ongewëssheet am internationalen Handel dozou féiert, datt Entreprisë manner investéieren. An engems géif och den Drock op amerikanesch Kleng-a Mëttelbetriber, déi op Importer ugewise ginn, wuessen.