Den israeelesche Sécherheetscabinet huet an der Nuecht op e Freideg d'Decisioun guttgeheescht, d'Stad Gaza anzehuelen an d'Hamas ze entmilitariséieren.

Aktuell kontrolléiert déi israeelesch Arméi ongeféier 75% vun der Enklav. Et wéilt een déi komplett Kontroll iwwerhuelen, hat en Donneschdeg den Owend de Premier Netanjahu schonns an engem Interview mam US-Sender Fox News confirméiert.

Méi spéit wéilt een d’Gazasträif dann un arabesch Instanzen iwwerginn, déi dann do solle regéieren, sou de Plang vun Israel, dee ganz ëmstridden ass.

Virun der Reunioun vum Sécherheetscabinet hunn dausende Leit zu Jerusalem an zu Tel Aviv protestéiert, déi fäerten, dass dee Plang d’Doudesurteel fir d’Geiselen ass, déi sech nach an den Hänn vun der Hamas befannen.

RTL