Mamm aus Lëtzebuerg spréngt mat hirem Puppelchen vun Autobunnsbréck an den Doud

© Googlemaps / Steph P##
Eng 33 Joer al Mamm aus Lëtzebuerg ass en Donneschdeg, mat hirem Puppelchen vun ënner engem Joer an den Äerm, vum Viaduc vu Remouchamps gesprongen.
D’Motiv vun dësem tragesche Geste ass nach net gekläert. De Parquet vu Léck schwätzt vun engem Mord mat uschléissend engem Suicide.
De Viaduc vu Remouchamps ass op der Autobunn E25 bei Aywaille an der Province de Liège.
De Parquet vu Léck deelt mat, datt Ermëttlunge sollen hëllefen, de Geste vun der Fra besser ze verstoen. D'Kand gouf deemno Affer vun engem sougenannten "Infantizid". Am juristeschen oder medezinesche Kontext gëtt de Begrëff benotzt fir Fäll ze beschreiwen, an deenen e Puppelchen oder klengt Kand ëm d'Liewe bruecht gëtt. Dës gi wéinst dem Alter vum Affer an der Relatioun zum Täter vun anere Form vu Mord ënnerscheet.
Um Freideg an der Mëttesstonn huet de Parquet vu Léck RTL géintiwwer bestätegt, dass d'Fra, déi portugisesch Nationalitéit hat an zu Lëtzebuerg gewunnt huet.
D’Nadja Bretz, Psychologin bei SOS Détresse, ënnersträicht, dass ee bei dësem konkrete Fall, sech an engem grousse Feld vu Spekulatioune befanne géif:
"Die Mutter stand unter einer tiefgreifenden psychischen Ausnahmesituation, normalerweise verursacht durch eine schwere psychische Erkrankung. Entweder Depression, vielleicht auch postpartale Depression, mit tiefer Traurigkeit, Schuldgefühlen und Hoffnungslosigkeit. Oder vielleicht Schizophrenie, mit Wahnvorstellungen und Realitätsverlust. Hier könnte die Mutter meinen, das Kind vor etwas zu 'schützen' indem sie gemeinsam aus dem Leben gehen.
Die Mutter hat evtentuell selbst Traumata erlebt, durch Gewalt und Missbrauch.
Dies kombiniert mit Einsamkeit, oder dem Gefühl allein gelassen zu sein, Überforderung und fehlender Hilfe. Vielleicht auch, da die Mutter aus Scham keine Hilfe gesucht hat".
Der Psychologin no wär de Suicide fir des Madamm déi eenzeg Léisung, den eenzegen Auswee aus all de Probleemer. Aus der Sicht vun dëser Mamm géif et soss keng Méiglechkeet ginn zur Rou ze kommen.
D'Police huet zwee Dossieren opgemaach
E Freidegnomëtteg huet de Gilles de Villers Grand Champs, Procureur de Division vu Léck éischt Detailer zu der Enquête am Fall genannt. Deemno hätt d'Police zwee Dossieren opgemaach. Een éischten iwwert de Suicide vun der Fra an en zweeten iwwert den Homicide un hirem Kand.
Leit, déi suizidär Gedanken hunn, kënnen Hëllef bei SOS Détresse um Telefon 45 45 45 kréien. All Informatioune fënnt een op www.prevention-suicide.lu.