De gréisste Bëschbrand zanter Joerzéngten a Frankräich ass aktuell ënner Kontroll, et kéint awer nach Deeg daueren, bis d'Feier komplett geläscht ass.

Wéi d'Pompjeeë matdeelen, hu si de schroe Bëschbrand am Süde vu Frankräich ënner Kontroll. D'Feier, dat en Dënschdeg am Departement Aude ausgebrach war, huet iwwer 17.000 Hektar Vegetatioun zerstéiert. Eng Fra koum duerch de Brand ëm d'Liewen an 18 Leit, dorënner 16 Pompjeeën, goufe blesséiert. Op d'mannst 36 Wunngebaier a 40 Gefierer wiere Berichter no zerstéiert oder beschiedegt ginn.

De Bëschbrand hat sech duerch staarke Wand an Hëtzt séier ausgebreet. De Premierminister Bayrou hat e Mëttwoch vun enger "Katastroph vun ni erlieftem Ausmooss" geschwat.

Trotzdeem wier "nach vill ze dinn" an et géing nach Deeg daueren, bis d'Feier komplett geläscht ass. Iwwer 2.000 Pompjeeën an all d'Läschfligere vum Land waren en Donneschdeg am Asaz, fir d'Flamen ënner Kontroll ze bréngen.

Dem Netzbedreiwer Enedis no haten en Donneschdeg de Moien nach 2.000 Stéit an der Regioun kee Stroum. "Iewescht Prioritéit" wier et elo, den Accès zu Waasser an zum Telefonsnetz nees hierzestellen. Sëllege Stroummaste wiere Berichter no ofgebrannt.