Den amerikanesche President hat et schonn ugekënnegt an elo ass et och offiziell. De 15. August gesi sech den Donald Trump an de Vladimir Putin an Alaska.

Haaptsujet wäert de Krich an der Ukrain sinn. Dobäi kéint, dem Trump no, och driwwer geschwat ginn, fir Territoiren ze tauschen. Viru Journalisten am Wäissen Haus hat hie scho gesot, dass béid Säite kuerz virun engem Waffestëllstand stéingen, deen eben als Viraussetzung huet, dass d’Ukrain e Stéck vun hirem Territoire ofgëtt. De Putin fuerdert jo am ganze 4 Regiounen: Luhansk, Donezk, Saporischschja, Cherson an dann och nach déi 2014 schonn annektéiert Hallefinsel Krim.

Déi russesch Truppe kontrolléiere allerdéngs net dat ganzt Gebitt an deene 4 Regiounen. Dat nächst Treffe soll dann awer erëm op russeschem Buedem sinn, sou heescht et vun Moskau.