De fréiere US-Astronaut Jim Lovell, Kommandant vun der legendärer Apollo-13-Missioun, ass am Alter vu 97 Joer gestuerwen.

Wéi d’NASA matgedeelt huet, ass hien en Donneschdeg zu Lake Forest am US-Bundesstaat Illinois verstuerwen. D'Nasa huet de Lovell als Mënsch gewierdegt, dee "mat sengem Liewen a sengem Wierken iwwer d'Joerzéngte Millioune Mënschen inspiréiert" huet. Och den Tom Hanks, deen de Lovell am Film "Appollo 13" gespillt huet, huet de Lovell als e vun de Mënsche geéiert, "déi eppes woen, déi dreemen an déi anerer op Plaze bréngen, déi mir eleng net erreechen".

De Lovell war eng vun de markantste Figuren an der amerikanescher Raumfaart. Hien huet u véier Raumfluchmissiounen deelgeholl, dorënner Apollo 8, déi 1968 als éischt bemannt Missioun d’Moundëmlafbunn erreecht huet, an Apollo 13, déi 1970 wéinst enger Explosioun u Bord ofgebrach gouf.

D'Explosioun vun engem Sauerstofftank u Bord hat d'Crew vun dräi Mann deemools gezwongen, op d'Äerd zréckzekommen. Den Astronaut Thomas K. Mattingly, deen 2023 verstuerwen ass, hat deemools vun der Äerd aus eng Prozedur entwéckelt, fir Energie ze spueren, esou datt d'Raumschëff sécher an d'Atmosphär zréckkomme konnt. Och dem Lovell seng roueg Féierung an iwwer 30.000 Kilometer Distanz zu der Äerd gëllt bis haut als ee vun de Grënn, datt d'Astronaute sécher op der Äerd gelant sinn. Den Appollo-13-Kommandant gouf méi spéit mat enger Fräiheetsmedail ausgezeechent, eng vun den héchsten zivillen Auszeechnungen an den USA. D'Nasa huet an hirer Erklärung dem Lovell seng Charakterstäerkt a säin "onzerstéierbare Mutt" gelueft.