Den UN-Sécherheetsrot befaasst sech um Sonndeg mat den israeeleschen Pläng, fir déi komplett Kontroll an der Gazasträif z'iwwerhuelen.

An fir deemno och den Militärasaz nach weider auszebauen. E puer vun de 15 Memberen am Sécherheetsrot hunn dës Sëtzung gefuerdert.

Den UNO-Generalsekretär Antonio Guterres hat sech iwwer d’Pläng vun Jerusalem richteg alarméiert gewisen. Déi däitsch Regierung hat direkt reagéiert. De Kanzler Merz huet annoncéiert, dass een Deel vum Waffenexport an Israel direkt gestoppt gëtt.

Zu Tel Aviv goufen et e Samschdeg nees Protester géint dës Decisioun vun der israeelescher Regierung. Zéngdausende Mënschen sinn dem Opruff vun de Familljen vun de Geiselen nokomm an op d’Stroossen gaangen. Si fäerten, dass duerch dës Decisioun d’Liewe vun de Geiselen um Spill steet. Israeeleschen Estimatiounen no ginn d’Geiselen an engem Gebitt festgehalen dat aktuell net vum israeelesche Militär kontrolléiert gëtt. 50 Geisele sinn nach an der Gewalt vun der Hamas. 20 dovunner si warscheinlech nach um Liewen.