Wéinst der Kris gouf a villen Deeler vun Teheran an an iwwer 50 anere Stied d'Waasser fir 24 bis deels 48 Stonnen einfach ofgestallt. 

“Mir mussen der Bevëlkerung kloer maachen, dass et hei net ëm Knappheet geet, mee dass mer geschwë guer keen Waasser méi wäerten hunn”, sou heescht et vun der lokaler Waasserverwaltung. Et géing aktuell keng realistesch Léisung ginn, fir de Waasserverbrauch radikal ze kierzen.