Fir 3 Méint gëllt a verschiddenen Deeler vum Land den Ausnamezoustand

Ausléiser ass déi riseg Ausmooss vun der Bandekriminalitéit.
Vum karibesche Staat heescht et, dës Mesure géing virop fir déi zentral Regioun Ouest gëllen an där och d’Haaptstad Port-au-Prince läit, an och fir 2 aner Departementer.
Op d’mannst 80 Prozent vun der Haaptstad a wäit Deeler vum Land gi vu Bande kontrolléiert an an der Lescht goufen et ëmmer méi Attacke vun arméierte Gruppen.
Duerch den Ausnamezoustand kéint d’Regierung besser géint déi grouss Onsécherheet virgoen an och op d’Landwirtschafts- an d’Liewensmëttelkris agoen. Donieft huet d’Regierung och en neie Chef vun der nationaler Police decidéiert.
Op Haiti si bal 1,3 Milliounen Leit intern verdriwwe ginn an net méi an hirem Doheem, sou Schätzunge vun der internationaler Organisatioun fir Migratioun. D’Vereenten Natioune schätzen, dass zanter Juni zejoert ronn 4.900 Leit ëmbruecht goufen.