Fréiere Wunnsëtz vu Youtuber "Drachenlord" war Zil vun Dausenden "Hater"

Ronn 4.000 Persoune si bei de fréiere Wunnuert vum Youtuber "Drachenlord" gepilgert, deen ëmmer nees am Viséier vu sougenannten "Hater" steet.
E Samschdeg hu sech dausende jonk, meeschtens männlech Persounen no Opriff op de soziale Medien am bayeresche Emskirchen versammelt, fir bei de fréiere Wunnuert vum Youtuber "Drachenlord" ze pilgeren. Dëst huet zu engem Groussasaz vun der Police gefouert, wéi d’Police Nürnberg matgedeelt huet.
D’Police konnt verhënneren, datt d’Leit an den Gemengendeel Altschauerberg komme konnten. E Jugendleche vu 16 Joer gouf provisoresch festgeholl, an et goufe ronn 100 Verstéiss dokumentéiert, dorënner Beleidegungen, Widderstand géint Beamten a Saachbeschiedegung.
D’Aktioun bezitt sech op de fréiere Wunnuert vum Youtuber, dee schonn zanter Joren Zil vu Online-Haasscampagnen ass. D’Haus gouf 2023 ofgerappt, nodeems hie geplënnert war.
Fir d’Situatioun ze kontrolléieren, hat d’Gemeng decidéiert, Versammlunge vun iwwer 8 Persounen ze verbidden. Trotzdeem hu sech vill Leit beim Supermarché getraff an hu sech ze Fouss op de Wee Richtung Altschauerberg gemaach. D’Police huet massiv Presenz gewisen, dorënner och mat Päerdsstaffelen.
Wat ass den Hannergrond?
Den "Drachenlord" huet op YouTube a sengen Streams oft mat vulgärer Sprooch, aggressivem Toun a kontroversen Aussoen op sech opmierksam gemaach. Hien huet och kritesch Commentairen net toleréiert a vill Zuschauer direkt als "Hater" bezeechent – och wann dës just Kritik geäussert hunn.
D’Hater hu säi Verhalen als provokativ ugesinn a mat geziilten Online-Attacke reagéiert, déi spéider och am richtege Liewen eskaléiert sinn, inklusiv Stalking, Belästegung a physescher Presenz viru sengem Haus.
Amplaz den Haass ze ignoréieren, huet den "Drachenlord" ëmmer nees drop reagéiert, dacks mat Beleidegungen oder souguer Gewalt. Hien ass z.B. wéinst Kierperverletzung verurteelt ginn, nodeems hien Hater ugegraff huet. Dëst huet d’Spiral weider ugedriwwen.
D’Haasscampagnen hu sech zu engem kollektiven Online-Phänomen entwéckelt, wou et fir vill Hater quasi e Spill ginn ass, den Drachenlord ze provozéieren oder ze "besichen". D’Grenz tëschent digitalem Mobbing a reeller Gefor gouf dobäi ëmmer méi dënn.
Vill Beobachter gesinn de Fall als tragescht Beispill fir Eskalatioun am Netz, wou eng Persoun gläichzäiteg Täter an Affer ass. D’Justiz huet dat och esou unerkannt.