D'Hëtzt huet Frankräich weider am Grëff. Den Héichpunkt vun der aktueller Hëtztwell soll Ufank d'nächst Woch erreecht ginn.

Fir dëse Sonndeg gëllt d'Vigilance orange vu Météo-France fir 42 Departementer plus Andorra. Vun e Méindeg u sinn et da souguer 46 Departementer. Betraff sinn de Süden an den Zentrum vum Land.

Frankräich huet scho vum 19. Juni bis de 4. Juli ënnert enger Hëtztwell gelidden. Déi aktuell soll wuel nach bis Enn d'nächst Woch unhalen, esou d'Previsioun vu Météo-France.