Vesuv / Neapel
Beléiften Touristenzil wéinst engem Bëschbrand aktuell gespaart

© Eliano Imperato / ANADOLU / Anadolu via AFP
Den Accès bei den iwwer 1.200 Meter héije Vulkan Vesuv ass den Ament wéinst engem Bëschbrand gespaart.
12 Pompjeesekippe waren um Sonndeg südlech vun Neapel am Asaz, fir d'Feier ze läschen. Verstäerkung krute se vu 6 Läschfligeren aus Kanada. Och aus anerer Regioune wier Verstäerkung ënnerwee, heescht et vun den Autoritéiten.
All d'Wanderweeër am Vesuv-Nationalpark bleiwe bis op Weideres fir Touriste gespaart.
Am meeschte gelies