Wéinst uerge Bëschbränn goufen an de spuenesche Regioune Kastilien a León iwwer 1.000 Mënschen evakuéiert.

Wéi et vu lokalen Autoritéiten heescht, géingen d'Bränn duerch staarke Wand an héich Temperature weider ausgebreet ginn. 400 vun den Evakuéierte kommen den Autoritéiten no aus der Gemeng Carucedo, 700 weiderer aus enger Partie Uertschafte ronderëm d'Unesco-Weltkulturierwe Las Médulas.

De Pompjeeën no maachen déi héich Temperaturen, eng niddreg Loftfiichtegkeet a staarke Wand d'Läschaarbechte méi komplizéiert. Eng 60 Zaldote vun der militärescher Noutfallunitéit UME an 20 Asazgefierer wieren an d'Gebitt geschéckt ginn, fir sech un de schwierege Läschaarbechten ze bedeelegen. Fliger a Bulldozer kéimen an den Asaz, fir eng Brandschneis ze schafen.

De Chef vun der Regionalregierung vu Kastilien-León, den Alfonso Manueco, huet iwwerdeem de Verdacht vu Brandstëftung geäussert. "Mir wäerte géint d'Täter vun dësen Attacken op d'Liewen an d'Sécherheet vu Mënschen an eisem historeschen Ierwe virgoen", erkläert de Manueco op X.

Eréischt virun e puer Deeg konnt am Süde vu Spuenien e Bëschbrand an der Géigend vun der Touristestad Tarifa ënner Kontroll bruecht ginn. Wéinst dem Feier waren iwwer 1.500 Mënschen a 5.000 Gefierer vu Campingen, Hoteller a Wunnhaiser evakuéiert ginn.

Spuenien leit aktuell ënnert enger Hëtztwell mat Temperaturen ëm 40 Grad Celsius, wat den Ausbroch vu Bëschbränn begënschtegt. Déi héich Temperature sollen dem Wiederdéngscht no nach bis op d'mannst en Donneschdeg bleiwen. D'Zivilschutzautoritéiten hu virun héijer Bëschbrandgefor a wäiten Deeler vum Land gewarnt.

RTL

© AFP