Op d'mannst een Doudegen an 29 Blesséierter no Äerdbiewen

© AFP
Bei engem Äerdbiewen am Weste vun der Tierkei ass op d'mannst ee Mënsch ëm d'Liewe komm, 29 weiderer goufe blesséiert.
D'Biewe vun der Stäerkt 6,1 war der tierkescher Katastropheschutzautoritéit no an der Stad Sindirgi. "Eng 81 Joer al Persoun ass verstuerwen, kuerz nodeems si aus de Stécker gerett gi war", sot den tierkeschen Inneminister Ali Yerlikaya. Vun den 29 Blesséierte wier kee schwéier verwonnt.
An den Dierfer ronderëm Sindirgi sinn dem Minister no op d'mannst 16 Gebaier an de Koup gefall, dorënner véier Wunnhaiser an 12 eidel Gebaier. All Bewunner konnten d'Gebaier rechtzäiteg verloossen, betount de Yerlikaya. 319 Secouriste wieren an d'Gebitt geschéckt ginn.
Am Zentrum vu Sindirgi ass dem Buergermeeschter Serkam Sak no en Haus vun dräi Etagen an de Koup gefall. "Sechs Mënschen hunn an dësem Gebai gewunnt", sot de Sak dem Sender NTV. "Véier Mënsche goufen aus de Ruine gebuergen" - dorënner och déi 81 Joer al Persoun, déi kuerz drop gestuerwen ass. Aktuell géing een dru schaffen, déi aner Bewunner ze biergen.
Nom Biewe vun der Stäerkt 6,1, dat ëm 19.53 Auer war, sinn der tierkescher Katastropheschutzautoritéit no 20 Nobiewe mat enger Stäerkt tëscht 3,5 a 4,6 komm. Deemno waren d'Biewen nach a sëllege Stied ze spieren, ënnert anerem zu Istanbul an Izmir. An der Tierkei ginn ëmmer nees deels schwéier Äerdbiewen.