Israel behaapt, Reporter wier "Chef vun Terrorzell" vun der Hamas gewiescht

© AFP
Bei enger israeelescher Attack op d'Stad Gaza goufen dem kataresche Sender Al Jazeera no sechs Journalisten ëmbruecht, dorënner e bekannte Reporter.
"De Journalist Anas al-Scharif gouf zesumme mat véier Kolleege bei enger presuméierter geziilter israeelescher Attack ëmbruecht", schreift de Sender um spéide Sonndeg ënner Recours op de Chef vum Al-Schifa-Spidol zu Gaza City. D'israeelesch Arméi (IDF) huet den Ugrëff confirméiert, deen "dem Terrorist Anas al-Scharif" gegollt hätt.
Nodeems Al Jazeera fir d'éischt vu fënnef Affer geschwat huet, ass d'Zuel vun den Doudegen dem Zivilschutz vun der Hamas no nach emol geklommen: de Fotojournalist Mohammed al-Chaldi wier u senge schroe Blessure verscheet.
"Viru Kuerzem huet d'IDF an der Stad Gaza den Terrorist Anas al-Scharif ëmbruecht, dee sech als Journalist fir de Sender Al Jazeera ausginn huet", erkläert d'israeelesch Arméi op Telegram. Den al-Scharif wier "Chef vun enger Terrorzell vun der Terrororganisatioun Hamas a responsabel fir Rakéitenattacken op israeelesch Zivilisten an IDF-Truppen."
Al Jazeera bezeechent den 28 Joer alen al-Scharif dogéint als "bekannten arabesche Korrespondent", deen ausféierlech aus dem Norde vun der Gazasträif fir de Sender bericht huet. D'Attack hätt en Zelt fir Journaliste virun der Haaptpaart vum Al-Schifa-Spidol an der Stad Gaza getraff. Nieft dem al-Scharif wieren dobäi och den Al Jazeera-Korrespondent Mohammed Kreikeh an d'Kameramänner Ibrahim Saher, Moamen Aliwa a Mohammed Nufal ëmbruecht ginn.
Virdrun um Sonndeg hat den al-Scharif op X vun enger "intensiver, konzentréierter israeelescher Bombardéierung vun der Stad Gaza" geschriwwen. Ee vu senge leschte Posts ass e Video, deen d'Attacken op d'Stad weist.
De Kommitee fir de Schutz vu Journalisten huet sech "entsat" iwwer den Doud vun de Journaliste gewisen. "D'Praxis vun Israel, Journalisten ouni glafwierdeg Beweiser als Kämpfer ze bezeechnen, wërft seriö Froen" op, erkläert d'CPJ-Regionalcheffin Sara Kudah an der Nuecht op e Méindeg. "Journaliste sinn Zivilisten an dierfen nimools zur Zilscheif ginn", betount d'Kudah.
Déi palästinensesch Journalistegewerkschaft bezeechent déi israeelesch Attack op den al-Scharif a seng Kolleegen als "bluddegt Verbriechen" an Ermordung.
Well bal keen an d'Gazasträif kënnt, si vill Medie weltwäit op Text-, Foto- a Videoberichter vu palästinensesche Reporter fir international Noriichtenagence wéi AFP ugewisen. Der Organisatioun Reporter ouni Grenzen no goufen zanter dem Ufank vum Krich iwwer 200 Journalisten an der Gazasträif ëmbruecht.