Japan rifft Millioune Leit wéinst staarkem Reen zur Evakuéierung op

© AFP
Wéinst staarkem Reen an Iwwerschwemmungen am Südweste vu Japan hunn d'Autoritéite Millioune Mënschen opgeruff, sech a Sécherheet ze bréngen.
Der Katastropheschutzautoritéit no goufen e Méindeg de Moien iwwer dräi Millioune Leit zur Evakuéierung opgeruff. Fir ronn 384.000 Awunner vun der Regioun Kumamoto, déi am stäerkste vum Reen betraff ass, géing den héchste Warnniveau gëllen. Eng Partie Leit géingen no Äerdrutsche vermësst ginn.
"D'Situatioun ass liewensgeféierlech", huet de japanesche Wiederdéngscht mat Bléck op Äerdrutschen an Iwwerschwemmunge gemellt. "Souguer op Plazen, op deenen normalerweis keng Katastrophen z'erwaarde sinn, ass héchst Vigilance gebueden."
Bis um fréie Méindegmoie sinn an der Stad Tamana iwwer 37 Zentimeter Reen gefall, wat dem Wiederdéngscht no e Rekord fir d'Regioun wier. Aner Medien hunn Haiser, Butteker a Gefierer aus Uertschafte wéi Kumamoto gewisen, déi e Meter déif ënner Waasser stinn. Flëss, déi iwwergetruede sinn, hunn ausserdeem Gefierer a beschiedegt Stroosse mat ewech gerappt.