Rezenten Zuele vum däitschen Inneministère no si vill Kanner a Jugendlecher vun Expulsiounen aus Däitschland betraff.

All 9. Persoun, déi am éischten Hallefjoer 2025 aus Däitschland expulséiert gouf, war mannerjäreg. Dat geet aus enger Äntwert vum däitschen Inneministère vun e Méindeg op eng Ufro vun der lénkser Fraktioun ervir. Vun den 11.807 expulséierte Migrante waren deemno 1.345 Kanner a Jugendlecher am Alter vu sechs bis 18 Joer, also 11,4 Prozent.

2024 waren am Ganzen ënnert den 20.084 Expulséierten 2.316 Mannerjäreger, also 11,5 Prozent. An den dräi viregte Jore louch den Taux vun de Mannerjäregen ongeféier op deem selwechten Niveau, allerdéngs bei däitlech méi niddregen Zuelen am Total.

Zu der Fro vun der lénkser Fraktioun gehéiert ausserdeem, wéi vill vun den Expulséierten eng Aarbecht, déi ugemellt ass, haten. Heizou konnt den däitschen Inneministère awer keng Zuele liwweren.

De lénksen Deputéierten Dietmar Bartsch huet mat Bléck op d'Expulsioune vu Mannerjärege vu "Kalhäerzegkeet" geschwat, déi "weder Politikstil nach Politikzil vun eisem Land dierft sinn". "Wéi ee Sënn soll et hunn, Kanner, déi hei léieren, déi hei opwuessen, déi hei integréiert sinn - d'Aarbechter vu muer - an hir Familljen z'expulséieren?", huet de Bartsch gefrot. "Kanner gehéieren an d'Schoul - net an de Fliger, fir expulséiert ze ginn."