E spektakuläre Video aus dem südchineesesche Mier weist, wéi zwee chineesesch Schëffer bei der Poursuite vun engem philippinnesche Boot kollidéieren.

Enger Meldung aus Manila no ass e Méindeg e chineesescht Boot vun de Garde-côtes mat engem vun den eegene Marinn-Schëffer kollidéiert, wéi et e philippinnescht Patrull-Schëff am südchineesesche Mier gejot huet. Déi philippinnesch Autoritéiten hu kuerz drop dramatesch Videoopname vun der Kollisioun verëffentlecht.

Engem Spriecher no ass de Virfall geschitt, wéi d’philippinnesch Garde-côtes Booter begleet hunn, déi Hëllef u Fëscher an der Géigend verdeelt hunn. Op deem vu Manila verëffentlechte Video ass ze gesinn, wéi d'Boot vun der chineesescher Küstewuecht an e vill méi grousst Schëff arennt.

De philippinneschen Autoritéiten no wier den Accident d'Resultat vun engem "riskante Manöver" vun de chineesesche Garde-côtes. Weider heescht et, dass déi philippinnesch Besatzung Hëllef offréiert hätt, mee dass déi chineesesch Besatzung "ni geäntwert" hätt.

De chineeseschen Ausseministère wollt d’Kollisioun weder confirméieren nach dementéieren, wéi d’AFP nogefrot huet.

De Virfall vun e Méindeg ass deen neisten an enger Serie vu Konfrontatiounen tëscht China an de Philippinnen am südchineesesche Mier, dat Peking bal ganz fir sech an Usproch hëlt – trotz engem internationalen Urteel, dass dës Fuerderung keng juristesch Basis hätt.

Méi wéi 60 Prozent vum weltwäite maritimmen Handel lafen duerch dës ëmstridde Waasserstrooss.