Trump iwwer Putin-Reunioun: "Ech wäert keen Deal maachen"

Den US-President schwätzt um Méindeg véier Deeg virun der Entrevue mam russesche President am Alaska vun engem "Sondéierungsgespréich".
Et wier net un him, fir een Accord ze maachen, sou den Trump. "Ech weess no zwou Minutten, ob een Deal ka gemaach ginn. Ech mengen, datt et gutt gëtt, ma et kann awer och schlecht lafen, sou den amerikanesche President.
Russland hätt "éischtklassegt Land" ënner senger Kontroll. Hie géing versichen, een Deel dovunner fir d'Ukrain zréckzekréien.
Fir e Mëttwoch ass een digitale Sommet tëscht dem Trump, dem JD Vance, dem Wolodymyr Selenskyj an europäesche Staats- a Regierungscheffe geplangt.
Den ukrainesche President misst awer net bei der Entrevue mam Putin derbäi sinn, sou den Donald Trump. Vläicht bei enger nächster Reunioun.