Europäer kämpfen ëm Gehéier beim Trump
Dem NATO-Generalsekretär Marc Rutte no wäert d'Ukrain kaum derlaanscht kommen, missen iwwer d'Oftrennung vun Territoiren ze schwätzen.
Véier Deeg iert den amerikanesche President Trump a säi russeschen Homologe Putin zu Anchorage an Alaska zesumme kommen, setzen d'Europäer all méiglech Hiewel a Beweegung, fir iwwerhaapt Gehéier ze fannen: eng Reunioun vun Alliéierten de Weekend, Telephonsgespréicher mam President Trump an um Méindeg enger Videokonferenz vun den EU-Ausseminister.
D’Kär-Intresse vun Europa stinn um Spill
Am Virfeld vun der Reunioun vun den europäeschen Ausseminister huet d'EU-Aussebeobtragt Kaja Kalles erkläert: D'Kär-Intresse vun Europa stéingen um Spill. D'Sécherheet vun der Ukrain an doriwwer eraus dem ganze Kontinent géif um Spill stoen. D'Kaja Kallas huet betount: d'Aggressioun vu Moskau sollt net belount ginn.
Déi vu Russland besaten Territoirë géifen der Ukrain gehéieren, sou d'Kaja Kallas weider. An dësem Kontext huet si un d'USA appelléiert, Russland zu eeschte Verhandlungen ze zwéngen. Et dierft zu Anchorage keen Accord iwwer d'Käpp vum ukrainesche Vollek an och den Europäer ewech ginn.
Wäert d’Ukrain missen Territoiren ofginn?
Dem NATO-Generalsekretär Marc Rutte no wäert d'Ukrain kaum derlaanscht kommen, missen iwwer d'Oftrennung vun Territoiren ze schwätzen. En Thema, wat den Trump selwer a Gespréich bruecht huet ma^at de Wierder: "Et gëtt en Austausch vun Territoiren – zum Virdeel vu béiden."
Bis elo strieft Kiew sech géint esou en Deal, och en Vue vun engem konkrete Friddensofkommes.
Wie wäert zu Anchorage mat ëm den Dësch sëtzen?
Wien um Enn e Freideg mat ronderëm den Dësch sëtze wäert, ass weider nach net kloer. D’Entscheedung läit beim US-President Trump. Et kéint sinn, datt nieft Trump a Putin a leschter Minutt awer den ukrainesche President Selenskyj mat derzou stousse kéint. Dem US-Vize-President Vance no géif nach un esou enger Formule geschafft ginn.
Europa muss bezuelen an awer nokucken
Den JD Vance huet de Weekend ugekënnegt, datt d'USA de Krich an der Ukrain net méi finanzéiere wäerten. Déi Missioun missten elo d'Europäer iwwerhuelen – déi awer, wann et ëm eng Léisung vum Konflikt geet, nokucke mussen.