Et géif net nëmmen ëm d’Sécherheet vun der Ukrain goen, mee ëm d’Sécherheet vum ganzen Europäesche Kontinent.

Dat sot d’EU-Aussebeoptraagt Kaja Kallas en Vue vum Treffen tëscht dem amerikanesche President Trump a sengem russeschen Homologe Putin dëse Freiden an Alaska. Russland dierft keng ukrainesch Gebidder zougesprach kréien, eng Aggressioun dierft der Kaja Kallas no net belount ginn. D’EU-Chef-Diplomatin huet dofir d’EU-Ausseminister an enger Video-Konferenz convoquéiert, fir iwwer nächst Schrëtt zesummen ze beroden. 4 Stonne souzen d’Ministere beieneen a bis op ee Memberstaat war ee sech um Méindeg eens, wéi de Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel erkläert:

"Mir waren eis alleguerten och eens, ausser Ungarn, dass selbstverständlech keng Decisioun ka geholl ginn, ausser d’Ukrain ass domat averstanen. Et kann ee jo net decidéieren, wat mat engem Land geschitt, ouni datt d’Land selwer invitéiert ass, an et ass jo och net kloer, ob den ukrainesche President invitéiert ass oder net. Et geet och ëm d’Sécherheet an Europa, dofir ass et och wichteg, datt mir als Europäesch Unioun mat agebonne ginn, wann Decisioune géife geholl ginn. Mee e Waffestëllstand ass emol déi éischt Pre-Konditioun, déi muss kommen."
 
Zweete Punkt um Ordre du jour war den Israel-Palästina-Konflikt. Alleguerte wiere se sech eens gewiescht, dass den Hamas eng terroristesch Organisatioun ass, an dem Xavier Bettel no misst een hir lassginn, fir ee permanente Fridden an der Géigend ze erméiglechen.
 
"Mee et kann net sinn, datt dofir awer ganz Palästina platt gemaach gëtt. An dass d’Leit, wa se net duerch Waffen oder duerch Bomme stierwen, duerno duerch Honger, well se keen Iessen a keng Hëllef kréien, well d’Aide Humanitaire net era kënnt. Mee mir sinn awer och gedeelt beim Wee fir dohinner ze kommen. Mir hunn eng Rëtsch vu Länner, déi probéieren, datt Mesurë solle geholl ginn, fir den Drock ze erhéijen, fir dass net Palästina platt gemaach gëtt. Anerer sinn do total enger anerer Meenung."
 
D’EU wier an dëse Froe gedeelt, dat wier dem Xavier Bettel no leider d’Realitéit.

Fir den Owend 18 Auer huet d'Organisatioun 'Collectives for Palestine' iwwerdeems fir eng Gedenk-Wuecht um Hamilius fir de verstuerwene Anas al Sharif a seng 4 weider Journaliste-Kolleegen, déi alleguerten bei enger geziilter Attack vun der israeelescher Arméi e Sonnden ëm d'Liewe komm sinn, opgeruff.