Op der kapverdianescher Insel São Vicente sinn no Starkreen an der Nuecht op e Méindeg op d'mannst siwe Persounen ëm d’Liewe komm.

Bannent knapps méi wéi zwou Stonne sinn 163 Millimeter Ree gefall, begleet vu staarken Donnerwiederen. De Reen huet grousse Schued verursaacht. Verschidde Gefierer goufe fortgeschwemmt an et koum zu Stroumausfäll.

De Gouverneur huet gewarnt, datt d’Zuel vun den Affer nach kéint klammen, well nach ëmmer Leit vermësst ginn. Den nationale Katastropheschutz huet och gemellt, datt d’Schied un ëffentlechen a privaten Infrastrukturen nach net komplett ermëttelt sinn.

D’meteorologescht Institut vum Cap Vert huet erkläert, datt eng éischt onscheinbar Ost-Well sech vun de westlechen Insele staark intensivéiert huet, wat zu de massive Reefäll gefouert huet. Eng Warnung war net erausgaangen, well de System ufanks roueg ausgesinn huet.

De President José Maria Neves huet an de soziale Medien seng Solidaritéit mat den Affer ausgedréckt. De Fluchhafe Cesária Évora op São Vicente ass momentan nëmme limitéiert a Betrib, well och d’Zoufaartsstrooss schwéier beschiedegt ass.

Offiziell si bis ewell keng Lëtzebuerger betraff

Op Nofro beim Lëtzebuerger Ausseministère, huet sech bis ewell "kee Lëtzebuerger Staatsbierger [...] beim Ausseministère gemellt, fir konsularesch Hëllef am Kader vum Stuerm op der Insel Sao Vicente [ze kréien]".

Falls awer Lëtzebuerger Staatsbierger betraff wieren, kënnen déi sech bei derLëtzebuerger Ambassade zu Praia mellen.

Adresse vun der Ambassade: Quebra Canela, C.P. 163 – Praia
Telefonsnummer vun der Ambassade: (+238) 261 95 62
E-Mail vun der Ambassade: praia.amb@mae.etat.lu

Lëtzebuerger Staatsbierger op der Insel, déi betraff wieren, solle sech un d’Consignen vun de lokalen Autoritéiten halen a sech iwwer weider Entwécklungen informéiert halen. Den Ausseministère réit de Betraffenen, hier Auslandsopenthalter dem Ausseministère iwwert LamA (Lëtzebuerger am Ausland) ze mellen. Am Fall vun Eeschtfäll erlaabt dëst eng méi schnell Kontakt-Opnam.