Fréier First Lady vu Südkorea wéinst Korruptioun verhaft

D'Kim Keon Hee um 12. August 2025. / © POOL/AFP
Déi fréier First Lady vu Südkorea ass wéinst Virwërf vu Korruptioun an Aktie-Manipulatioun verhaft ginn a sëtzt domat genee wéi hire Mann am Prisong.
Déi fréier First Lady vu Südkorea, d'Kim Keon Hee, ass spéit um Dënschdeg wéinst enger Rei vu Virwërf, dorënner Aktie-Manipulatioun a Korruptioun, verhaft ginn, sou hu Procureureë matgedeelt. D'Verhaftung kënnt nëmmen e puer Stonnen nodeems d'Zentral-Geriicht vu Seoul de Procureureën hir Ufro fir e Mandat d'arrêt géint déi 52 Joer al Fra approuvéiert hat.
D'Geriicht verweist op de Risiko vun enger méiglecher Manipulatioun vu Beweiser nodeems d'Procureureën eng 848-Säite laang Argumentatioun virgeluecht haten, an där si "ongesetzlech Handlungen" opgelëscht hunn.
Mat där Verhaftung sëtze fir d'éischt an der Geschicht vum Land elo e fréiere President an eng fréier First Lady gläichzäiteg am Prisong.