Europäesch Staatscheffe sichen Ënnerstëtzung vum Trump am Ukrain-Krich

© AFP/File
E Mëttwoch kënnt et zu enger Rei Gespréicher tëscht europäesche Staatscheffen iwwert den Ukrain-Krich, virop mat Bléck op de Sommet tëscht Trump a Putin.
Europäesch Regierungs- a Staatscheffe wäerten e Mëttwoch Online-Gespréicher mam US-President Donald Trump ofhalen, an der Hoffnung, hien dovunner ze iwwerzeegen, d'Interesse vun der Ukrain ze respektéieren, wann hien e Freideg an Alaska de Krich mam russesche President Wladimir Putin beschwätzt. Den däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz huet duerfir eng Rei Leit invitéiert, dorënner den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj, d'Ursula Von der Leyen fir d'EU an de Mark Rutte fir d'NATO.
De Selenskyj huet kuerz drop confirméiert, dass hie perséinlech wäert op Berlin reesen, fir direkt um Gespréich deelzehuelen. Duerno solle si dann an enger zweeter Ronn och mam Trump an dem US-Vizepresident JD Vance schwätzen.
D'Treffen tëscht Trump a Putin e Freideg – hiert éischt zanter Russland seng Invasioun vun der Ukrain viru méi wéi dräi Joer lancéiert huet – ass bis elo geplangt, ouni datt de Selenskyj dobäi ass.
Ënner EU-Cheffen ass am Moment d'Angscht, dass Kiew zu Concessioune gezwonge kéint ginn, wat hiren Territoire ugeet. Si hunn duerfir e Méindeg ënnerstrach, dass "international Grenzen net mat Gewalt verännert däerfe ginn".
De Selenskyj huet e Méindeg viru Journalisten ausgeschloss, Truppen aus der Donbas-Regioun, déi vu Moskau gefuerdert gëtt, zréckzezéien.