D'Start-Up-Firma huet der Noriichtenagence AFP bestätegt, dass ee Google eng deementspriechend Offer geschéckt hätt.

Do virdrun hat de Wall Street Journal schonn iwwert eng deementspriechend Offer bericht. Der Zeitung no géif Perplexity AI aktuell mat 18 Milliarde bewäert ginn, deemno e bësse méi wéi d'Hallschent vun der Zomm, déi een elo Google gebueden hätt.

E Spriecher vu Perplexity huet der AFP awer scho matgedeelt, dass eng Partie Investmentfongs sech un der Finanzéierung bedeelege wéilten. Et wier ee sech sécher, dass een déi Zomm géif zesummekréien.

Google wollt bis dato kee Statement ofginn.

Perplexity kombinéiert en AI-Assistant an eng Sichmaschinn, fir Informatiounen um Internet ze fannen.

Google war zejoert verurteelt ginn, well se op eng illegal Aart a Weis hir Monopolstellung am Beräich vun der Online-Recherche wollten oprechterhalen. Nach ass net gewosst, wéi héich d'Strof ausfält. Den US-Justizministère hat verlaangt, dass Google säi Browser "Chrome" misst verkafen.

Do gesäit Perplexity AI dann elo och seng Chance.