D'Wäisst Haus wäert de 4. Juli 2026 fir d'éischt e Mixed-Martial-Arts-Kampf organiséieren – dat fir den 250. Gebuertsdag vun den USA.

D'Wäisst Haus wäert de 4. Juli 2026 – dem Dag wou d'USA den 250. Anniversaire vun hirer Grënnung feieren – e Mixed-Martial-Arts Kampf ofhalen, wéi den Dana White, Chef vum Ultimate Fight Companion (UFC), e Méindeg annoncéiert huet. De White gehéiert zum enke Krees vum President Trump, dee reegelméissege Gaascht bei de UFC-Kämpf ass.

De White huet weider annoncéiert, datt d'Duechter vum President, d'Ivanka Trump, un der Organisatioun vum Spektakel fir den Independence Day wäert bedeelegt sinn.

RTL

© AFP

Insgesamt huet de Kampfsport an den USA an de leschte Joer immens u Popularitéit gewonnen. D'Kämpf spille sech traditionell an engem Ring mat aacht Ecker of – dem sougenannten "Octagon" – dee mat engem Drot ronderëm zum wuertwiertleche Käfeg gëtt.

RTL

© AFP/Saeed KHAN

Wéinst Brutalitéit a Verletzungsgefor ass de Sport ëmstridden. Trotzdeem huet d'Disziplin an de leschte Joren ëmmer méi breet Unerkennung fonnt, virop ënner jonke konservative Männer.