En 73 Joer ale Mann ass en Dënschdeg de Moien zu Diddenuewen (Departement Moselle) viru senger Wunneng erschoss ginn.

D'Affer gouf dräimol vu Kugele getraff: am Kapp, am Bauch an an der Hëft.

Op der Plaz gouf eng 9mm Patrounenhüls fonnt, grad ewéi e Kësse mat Lächer dran, wéi d’Police matgedeelt huet. Weider heescht et, dass d'Affer zu der Communautéit vun de Reesenden (z. B. Roma, Sinti, Manouches, Yenish) gehéiert huet, sech mëttlerweil awer néiergelooss hat.

Eng Enquête soll elo klären, wat genee geschitt ass.