E Mëttwoch de Moie gouf op der däitscher A64 direkt un der Lëtzebuerger Grenz wuertwiertlech een Accident "provozéiert". D'Police sicht no Zeien.

Wéi d'Polizeipräsidium Trier matdeelt, huet alles relativ gewéinlech ugefaangen: Géint 10.25 Auer sinn ee Camion an ee bloe Seat op zwou Spueren niefteneen a Richtung Lëtzebuerg gefuer. Wéinst engem gréissere Chantier gëtt d'Autobunn an deem Beräich awer iergendwann op eng Fuerbunn reduzéiert - de Camionschauffer huet sech also misse lénks areien.

An deem Kader koum et enger éischter Enquête no dunn zu engem Sträit tëscht dem 35 Joer ale Chauffer vum Camion an dem 55 Joer ale Chauffer vum Seat. De Camionschauffer huet d'Tirette gemaach a sech hannert dem Auto agereit.

Nom Chantier, wou nees zwou Spueren disponibel waren, ass de Camion nees op déi riets Spuer gewiesselt. Den Auto huet de Camion doropshin iwwerholl an ass direkt virun him op d'Brems gaangen. Et koum zu enger Kollisioun tëscht béide Gefierer. Duerch d'Kollisioun huet sech den Auto mat der Chaufferssäit zum Camion gedréint. Ma amplaz ze bremsen ass de Camionschauffer dunn awer nach bal zwee Kilometer weidergefuer an ass eréischt am Beräich vun der Ausfaart Waasserbëlleg stoe bliwwen.

Bei der Kollisioun gouf zum Gléck kee blesséiert. Den Auto war awer een Totalschued an huet missen ofgeschleeft ginn. Op Uerder vum Parquet krute béid Chaufferen hire Fürerschäin ofgeholl. Géint de 35 Joer ale Camionschauffer an de 55 Joer alen Autoschauffer gëtt elo jeeweils wéinst verschiddene Verkéiersdelikter ermëttelt.

Am Beräich vun der Aire de Wasserbillig war de Verkéier kuerzzäiteg beanträchtegt. Am Asaz waren d'Police vu Lëtzebuerg an déi däitsch Police vun der Autobahnstation Schweich. Zeien, déi de Virfall gesinn hunn a sech nach net bei de Beamte gemellt hunn, si gebieden, sech ënnert der Nummer 0049 6502 91650 bei der Polizeiautobahnstation Schweich ze mellen.