A groussen Deeler vun Europa leien d'Temperaturen den Ament iwwer 30 Grad. Déi unhalend Hëtzt an d'Dréchent suergen ëmmer nees fir Bëschbränn.

D'Leit zu Lëtzebuerg an a groussen Deeler vun Europa keimen ënnert der Hëtztwell. Fir e Mëttwoch huet Meteolux nees eng Alerte Jaune fir de ganze Grand-Duché erausginn. Tëscht 13 an 19 Auer gëtt virun Temperaturen tëscht 30 an 33 Grad gewarnt. Plazeweis sinn och 34 Grad méiglech.

Iwwerdeems kämpfen a Südeuropa d'Pompjeeë weider géint Bëschbränn - dorënner a Griicheland, Italien a Portugal. A Spuenien si siwe Leit mat deels schwéiere Verbrennungen a Klinicken ageliwwert ginn, wärend d'Autoritéiten a Südfrankräich bei engem Feier an der Géigend vun Narbonne Brandstëftung net ausschléissen.

RTL

Bëschbrand an der Géigend vu Patras / © ARIS MESSINIS / AFP

A Griicheland menacéiert e Bëschbrand déi drëttgréisst Stad vum Land Patras. E grousst Feier géif et an der Géigend vun der anticker Ausgruewungsplaz Voundeni, ronn siwe Kilometer viru Patras ewech, hunn d'Autoritéiten erkläert. De Brand géif Bëschgebidder an Haiser bedreeën, huet e Journalist vun der AFP gemellt. D'Géigend wier vun enger décker Dampwollek bedeckt.

Staarke Wand "behënnert d’Aarbecht vun de Läschfligeren a mécht d’Waasseropnam um Mier méi schwéier“, sou de President vun der Pompjees-Gewerkschaft Kostas Tsigkas der Tëleeschaîne ERT géintiwwer. Hien hat schonn e Mëttwoch de Moie gewarnt: "Mir sti sécherlech virun de 24 schwéierste Stonne" vun der Bëschbrand-Saison bis elo.

Athen hat schonn en Dënschdeg d'EU formell ëm Hëllef bei de Läschaarbechte gefrot. Do bléist zanter der leschter Woch bei unhalender Hëtzt staarke Wand, deen de Kampf géint d'Flamen erschwéiert. Zanter e Mëttwoch de Moie wieren dem Spriecher vun de Pompjeeë Vassilis Vathrakogiannis no op alle Fronten 33 Läschfligeren a méi wéi 4.800 Pompjeeën am Asaz. 15 Pompjeeë wiere an der Nuecht verletzt ginn.

Och a Spuenien, Portugal, Italien an an de Balkanstaaten gëtt aktuell géint Bëschbränn gekämpft. Bis elo sinn dobäi sechs Leit gestuerwen – jeeweils een a Montenegro an an Albanien, a jeeweils zwee a Spuenien an a Frankräich.

Bei Bëschbränn am Nordweste vu Spuenien goufe siwe Leit mat deelweis schwéiere Verbrennungen a Klinicken ageliwwert. Véier vun hinne waren der Regionalregierung vu Castilla a León no e Mëttwoch nach a kriteschem Zoustand, dorënner e 37 Joer ale Mann mat Verbrennungen u 85 % vu sengem Kierper.

An der Regioun Castilla a León goufen 8.000 Leit evakuéiert. Och an der Nopeschregioun Galizien kämpfen d’Pompjeeën zanter Deeg géint d'Flamen, déi scho ronn 11.500 Hektar zerstéiert hunn. Wéinst engem Brand no bei de Schinnen ass och d'Zuchverbindung tëscht Galizien an der Haaptstad Madrid gespaart.

Och a Portugal sinn d'Pompjeeën am Asaz géint verschidde Bëschbränn, ënner anerem no bei der Stad Coimbra am Zentrum vum Land. An der Géigend vun Trancoso huet staarke Wand d'Flamen an der Nuecht op Mëttwoch nees ugefacht. D'Hëtztwell op der Ibeerescher Hallefinsel kéint de Prognosen no nach bis e Méindeg unhalen.

Iwwerdeems hunn d'Autoritéiten am Süde vu Frankräich "virsätzlech Brandstëftung" als méiglech Ursaach fir e Feier tëscht Carcassonne an Narbonne net ausgeschloss. De risege Brand no bei der franséischer Mëttelmierküst "kéint eng kriminell Ursaach hunn, déi op eng bewosst Dot zeréckzeféieren ass", huet d'Procureur matgedeelt.

D'Feier war d'lescht Woch en Dënschdeg am Corbières-Massiv südwestlech vun der Stad Narbonne ausgebrach. D'Pompjeeë konnten de Groussbrand zwar ënner Kontroll bréngen, mee geläscht ass en nach net. Et ass de gréisste Bëschbrand am franséische Mëttelmierraum zënter op d'mannst 50 Joer. D'Flamen hu scho 16.000 Hektar Vegetatioun zerstéiert.

A Frankräich bleift et weiderhi ganz waarm, e Mëttwoch soll et an der Bourgogne am Oste vum Land bis zu 40 Grad waarm ginn, an zu Paräis soll den Thermometer et bis op 36 Grad packen. A fënnef Departementer gëllt nach bis e Donneschdegmoien déi héchst Hëtztalerte.

Wëssenschaftler warnen, datt duerch de mënschegemaachte Klimawandel d'Heefegkeet an d'Intensitéit vu Wiederextreemer wéi Hëtztwellen, Dréchenten an Iwwerschwemmungen nach weider zouhuele wäerten.