Eng Persoun stierft bei Ballon-Accident an Holland

© Photo by JILMER POSTMA / ANP MAG / ANP via AFP
Bei engem Ballon-Accident am Norde vun Holland ass um Mëttwochowend eng Persoun gestuerwen, fënnef weider Leit goufe blesséiert.
Am Norde vun Holland ass eng Persoun ëm d'Liewe komm a fënnef weiderer goufe blesséiert, wéi e Ballon e Mëttwochowend eng ze haart Landung an engem Feld gemaach huet. Berichter no hat de Ballon insgesamt 34 Persounen u Bord, dorënner de Pilot an de Kopilot, wéi den Accident geschitt ass.
Den Autoritéiten no wier de Ballon géint 20 Auer lokal Zäit vu Joure gestart. Obwuel d'Vitess bei der Landung am Ufank soll normal gewiescht sinn, huet de Wand op eemol d'Vitess staark erhéicht, wat dozou gefouert huet, datt de Kuerf e puermol op d’Feld opgeschloen ass.
Dobäi si fënnef Passagéier aus dem Kuerf gefall, fir eng Persoun koum dobäi all Hëllef ze spéit. Déi Blesséiert goufen an d'Spidol bruecht.
Den déidlechen Accident ass bei De Hoeve an der Provënz Friesland geschitt. Eng Enquête, fir déi genee Ursaach vum Accident ze klären, gouf ageleet.