Wat genau beim Sommet tëscht Trump a Putin wäert erauskommen, ka kee sou genau soen – mee fir d'Ukrain steet net manner wéi hir Existenz um Spill.

Et gëtt zanter dem Krich an der Ukrain déi éischte Kéier, dass de russesche President en US-amerikanesche President perséinlech trëfft. Esou kuckt um Freideg déi ganz Welt mat Spannung op d'Entrevue tëscht Trump a Putin zu Anchorage am US-Bundesstaat Alaska.

Déi grouss Fro dobäi ass: wat kann den Trump iwwerhaapt erreechen?

En éiwegt Hin an Hier

Wärend dem Walkampf am Joer 2024 ass den Trump net midd ginn ze betounen, dass hien de Krich an der Ukrain bannent engem eenzegen Dag kéint op en Enn bréngen. Wéi hien dat géing erreechen, huet hien allerdéngs ni genee erkläert.

"Wann ech Iech dat verroden, da wäert et net méi klappen", sou ëmmer nees sënngeméiss d'Ausso vum 45. a 47. President vun den USA.

D'Schold um Krich huet hien ouni Ausnam sengem Virgänger, dem President Joe Biden, ginn. "Wier ech President gewiescht, wier et ni [zum Krich] komm", sou den Trump an engem Interview nom aneren.

Néng Méint méi spéit ass den Trump nees un der Muecht, un dem Krich an der Ukrain huet sech allerdéngs wéineg geännert. An typescher Manéier wiesselt de Republikaner reegelméisseg seng Positioun, bezeechent de Putin een Dag als raisonnabel an den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj als am Feeler – den Dag drop dat Ganzt dann nees ëmgedréint.

Bei engem Eclat am Wäissen Haus am Februar 2025 hunn den Trump a säi Vize-President JD Vance dem Selenskyj e Manktem un Dankbarkeet a Respekt virgeworf, dat ënnert anerem, well den ukrainesche President decidéiert hat, kee Kostüm fir d'Visitt unzedoen.

RTL

Den Trump an de Selenskyj beim Eclat am Wäissen Haus am Februar 2025. / © Photo by SAUL LOEB / AFP

Kuerz Zäit drop huet den Trump dunn awer nees e méi versönlechen Toun ugeschloen a mam Selenskyj en Accord ënnerschriwwen, fir dass d'USA als Kompensatioun fir hir finanziell a militäresch Ënnerstëtzung solle prioritären Zougang zu rare Matièren an der Ukrain kréien. Analysten hunn dësen Accord als Sécherheetsgarantie gesinn, dass d'USA weider hannert der Ukrain stinn.

Zanter deem huet sech un der Situatioun wéineg verännert: d'USA schécke weider Waffen an d'Ukrain wärend Russland weider Offensive start a Buedem guttmécht.

Kritik aus den eegene Reien

Den Trump hat et bei de leschte Wale fäerdeg bruecht, eng immens divers Koalitioun u Wieler hannert sech ze vereenen. Virun allem ondecidéiert, spréch on-affiliert Wieler, huet hie kënne vu sech iwwerzeegen – dat virop mam Verspriechen, den Anti-Krich-President ze sinn.

Sou hat hien et ënnert anerem fäerdeg bruet, déi fréier Demokratin a prominent Krichsgéignerin Tulsi Gabbard mat u Bord ze bréngen. Fir hir Ënnerstëtzung gouf déi fréier Representantin vun Hawaii duerfir och mat engem top Poste belount: Direktesch vun den nationalen Spionage-Agencen.

Well awer zanter dem Trump sengem Amtsuntrëtt weder de Krich an der Ukrain, nach de Krich an der Gazasträif op en Enn komm sinn, ass de Support ënnert de Krichsgéigner am Gaangen, erofzegoen. D'Fro stellt sech elo bannent dëser Fraktioun, ob den Trump – allgemeng bekannt als "Deal maker" – et net fäerdeg bréngt, oder einfach net fäerdeg brénge well, de Krich ofzeschléissen.

Duerfir sinn dann awer déi Neo-Konservativ an den USA méi wéi zefridde mam Trump: net nëmme lafen d'Kricher all weider, den Trump huet mat senger rezenter Attack op den Iran bewisen, dass hien och duerchaus kapabel ass, nei Konflikter ze starten.

Wat ass elo vum Alaska-Sommet ze erwaarden?

Mat engem President, dee sou onberechenbar ass wéi den Trump, ass et schwéier virauszesoen, wat iwwerhaapt beim Sommet mam Putin kéint erauskommen. E Waffestëllstand, Fridden, oder awer guer näischt?

Kloer ass, dass d'Plaz vum Treffe schonn op eng méiglech Dominanz vum Putin hiweist. Et ass nämlech sou, dass d'USA eng vun de wéinege Plazen op der Welt sinn, wou de russesche President iwwerhaapt nach kann hireesen, ouni Gefor ze lafen, verhaft ze ginn – dat well d'Amerikaner de Mandat d'arrêt vum ICC, dem International Criminal Court, net respektéieren.

RTL

Vue op d'US-Militärbasis an Alaska, wou den Trump an de Putin sech wäerten um 15. August treffen. / © Photo by DREW ANGERER / AFP

Dat kéint deemno drop hiweisen, dass den Trump weider gewëllt ass, dem Putin an d'Kaarten ze spillen. Dëst kéint ënnert anerem an der Form vun enger Unerkennung vum ëmkämpftem Territoire an der Ukrain kommen.

De Selenskyj huet zwar am Virfeld vum Treffen – an u sech zanter dem Ufank vum Krich – ëmmer nees ënnerstrach, dass dat fir d'Ukrain op kee Fall a Fro kënnt. Allerdéngs deit am Moment wéineg drop hin, dass hien do vill wäert ze soen hunn, schonn eleng doduerch, dass den ukrainesche President net op de Sommet invitéiert gouf.

Fir de Selenskyj gëllt duerfir déi selwecht Devise wéi fir Europa, an och de Recht vun der Welt: gespaant op déi éischt Noriichten aus Alaska waarden.

Virschau op de Sommet vum Claudia Kollwelter