Massiv Iwwerschwemmungen, ausgeléist duerch staarke Reen, hunn an engem Duerf am indesch-kontrolléierte Kaschmir op d'mannst 50 Persounen d'Liewe kascht.

Et ass scho fir d’zweet, dass am August an Indien gréisser Iwwerschwemmungen zu déidleche Katastrophe geféiert hunn. De 5. August huet eng Iwwerschwemmung zu Dharali ëm déi 70 Doudesaffer verursaacht, de geneeë Bilan ass awer nach net confirméiert.

Am betraffenen Duerf vun en Donneschdeg goufe bis ewell 50 Läiche fonnt. Knapp 170 Leit konnten den Autoritéiten no gerett ginn, vill vun hinne wiere schwéier blesséiert.

Well dat betraffent Gebitt ronderëm d'Duerf Chositi relativ grouss ass, fäerten d'Rettungsekippen, datt d'Zuel vun den Affer nach klamme kéint. D'Duerf ass een Tëschestopp op enger beléifter Pilgerstreck zu engem hinduisteschen Tempel.

Iwwerschwemmungen an Äerdrutscher kommen an dëse Gebidder an der Summerzäit heefeg vir, ma Experten no kéinten esou Katastrophe wéinst dem Klimawandel nach méi dacks optrieden.