D'Bëschbränn an de südleche Länner vun Europa loossen net no.

A Spunien ass en Donneschdeg eng drëtt Persoun wärend engem Läschasaz an der Provënz León, an der Regioun Valderia, ëm d’Liewe komm. An der selwechter Woch si schonn zwou Persounen, déi fräiwëlleg gehollef hunn, am Asaz gestuerwen. Well a Spuenien d’Gefor vu Bëschbränn extreem héich bleift, huet Frankräich zwee speziell Fligere geschéckt fir d’Feier ze läschen. Zanter Ufank vum Joer sinn dem EFFIS no (European Forest Fire Information System) iwwer 148.000 Hektar Terrain a Spuenien verbrannt.

En Donneschdeg si véier Persoune wéinst presuméierter Brandstëftung festgeholl ginn, domadder goufen dëse Summer insgesamt 29 Verdächteger verhaft.

Och a Portugal loosse véier massiv Bëschbränn den Autoritéite keng Rou. Haaptsächlech am Norden an am Zentrum vum Land si méi wéi eng Dose Fligeren am Asaz. E weidert Feier huet sech en Donneschdeg bei Trancoso weider ausgebreet.

A Griicheland huet sech den Autoritéiten no d’Situatioun an der Géigend vun der drëttgréisster Stad Patras verbessert. Och do si bal 30 Fligeren am Asaz. Um Balkan sinn op d’mannst zwou Persoune gestuerwen, an dausende vu Mënschen hunn hir Haiser musse verloossen.