Kleng diplomatesch Schrëtt, awer kee grousse Succès
En "Deal" tëscht Moskau a Kiew wier no bäi, sot den Donald Trump no der Reunioun mam Wladimir Putin. De Xavier Bettel reagéiert virsiichteg.
Schonn op der gemeinsamer Pressekonferenz nom Trump-Putin-Sommet hat den amerikanesche President gesot, datt hien elo de Wolodymyr Selenskyi via Telefon iwwer d'Resultater vum Sommet géing informéieren, an datt dësen deene Léisunge misst zoustëmmen. E Samschdeg de Moien huet den ukrainesche President op der Plattform X matgedeelt, datt hien e Méindeg op Washington wäert reesen.
Wat genee zu Anchorage um Dësch louch, ass net bekannt. Op ville Punkte wier ee sech eens mat Moskau, sou de Chef aus dem Wäissen Haus, op aneren awer net. Méi wéi zwou an eng hallef Stonn huet d'Reunioun tëschent béiden Delegatioune gedauert. Weder Putin nach Trump sinn dono an hirer Deklaratioun an den Detail gaangen, an et gouf keng eenzeg Fro vu Journaliste beäntwert.
Moskau schwätzt iwwerdeems vun enger ganz positiver Reunioun an Alaska. Op der Pressekonferenz huet de Putin déi historesch Bezéiungen tëschent béide Länner gelueft. Elo géing en neit Kapitel a punkto wirtschaftlech Relatiounen opgeschloe ginn. Den Trump huet fir säin Deel seng fantastesch Relatioun mam Wladimir Putin gelueft. Geschwë géing et en nächste Sommet ginn, eventuell zu Moskau, sou den Trump.
Virsiichtegen Optimismus
An Europa gëtt den Alaska-Sommet vu ville Säiten als grousse Succès fir de Wladimir Putin gewäert. De Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel dréckt sech am RTL-Interview awer méi zeréckhalend an nuancéiert aus. Et wiere kleng Schrëtter a Richtung Dialog. Datt de Meeting an Alaska elo e grousse Succès gewiescht wier, do kéint hien awer net zoustëmmen, sou de Chef vun der Lëtzebuerger Diplomatie.
Et wier awer mol positiv, datt keen Deal ouni d'Ukrain gemaach gouf. Dat Ganzt wier eng Inzenéierung vum Trump senger Politik, fir ze weisen, datt hien deen Eenzege wier, deen Dealer kéint maachen, an deen en Enn vum Krich kéint bewierken. De President Putin wier empfaange gi wéi e Staatschef an hätt et fäerdeg bruecht, aus der Isolatioun eraus ze kommen.
Den Drock op Moskau misst weider héich bleiwen. Et wier kloer, wéi dee Krich ugaange wier, sou de Xavier Bettel. Leider géing de Krich nach ëmmer weidergoen, sou de liberalen Ausseminister. Russland ass an der Nuecht op e Samschdeg effektiv mat Attacken op d'Ukrain weidergefuer.
Trump informéiert europäesch Staats- a Regierungscheffen
Nom Sommet an Alaska huet den Donald Trump laang mam ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj telefonéiert, an duerno weider europäesch Leaderen informéiert, wéi den däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz, de franséische President Emmanuel Macron a säi britteschen Homolog Keith Starmer. Och bäigeschalt waren d'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen an de NATO-Generalsekretär Mark Rutte.
Déi europäesch Staats-Regierungscheffe soten an enger gemeinsamer Erklärung e Samschdeg de Mëtten, dass se d’Ukrain weider wéilten ënnerstëtzen a weider Drock op Russland ausüben. Fir si wier kloer, dass d’Ukrain misst Sécherheetsgarantië kréien, fir seng Souveränitéit ze verdeedegen.
De franséische President Macron, de brittesche Premier Starmer an den däitsche Bundeskanzler Merz kommen e Sonndeg um 13 Auer an enger Video-Konferenz beieneen, fir als "Koalitioun vun de Wëllegen" an Alliéierte vu Kiew iwwer déi nächst Schrëtt an de Friddensverhandlungen am Ukrainkrich ze beroden.