E Freideg ass zu Cour-et-Buis am Norde vum Département de l'Isère eng illegal Rave-Party mat engen 1.000 Leit lassgaangen, heescht et vun de Autoritéiten.

Dat an engem Gebitt, an deem et eng héich Bëschbrand-Gefor gëtt. Ee Gendaarm gouf e Freideg den Owend bei Kontrolle blesséiert, wou grad déi éischt Leit um Site ukomm sinn.

Déi vun den franséischen Autoritéite verbuede Party op engem Privatterrain vun der Gemeng geet awer och e Samschdeg am Nomëtteg nach weider, dat trotz weidere Kontrollen.

D'Rave-Party géif ofgehale ginn, "Wärend den Département zanter 10 Deeg mat enger Hëtztwell ze kämpfen huet an am Norde vum Département eng héich Bëschbrand-Gefor besteet." Et gouf iwwerdeems preziséiert, datt "d'Gendarmerie nationale an der Ëmgéigend vum Terrain grouss Sécherheetskontrollen ageriicht huet, fir de Leit den Accès zum Terrain ze verspären, d'Leit ze kontrolléieren a Protokoller ze verdeelen." Ausserdeem géife Kontrollen zum Konsum vun Drogen an Alkohol gemaach ginn.

Nieft dem Gendaarm, op dee mat Saache geheit gi war an deen um Ielebou blesséiert gouf, goufen e Freideg den Owend och nach fënnef Gefierer vun der Gendarmerie beschiedegt. D'Gemeng wäert Plainte maachen, heescht et vun den Autoritéite wieder.

Den Département de l'Isère ass wéinst den héijen Temperaturen den Ament an enger Alerte Orange. An der Gemeng ass den Thermometer e Samschdeg am Nomëtteg op 34 Grad geklommen.

Enn Juli hat et och zu Lëtzebuerg esou eng illegal Rave-Party ginn. Fir den Asaz waren eng 120 Beamten aus dem ganze Land op Hengescht geschéckt ginn.