Den Donald Trump invitéiert den ukrainesche President, fir iwwert e méigleche Fridden ze schwätzen. Mat dobäi ass eng europäesch Delegatioun.

Zesumme mat europäesche Vertrieder wäert de Wolodymyr Selenskyj e Méindeg op Washington reesen, fir den amerikanesche President ze gesinn. Nom Sommet mam Wladimir Putin sollen Informatiounen ausgetosch ginn, an d'Beméiungen ëm e séiere Fridden intensivéiert ginn. Ëm wien et sech bei deene Vertrieder genee handelt, ass nach net bekannt gemaach ginn.

Gewosst ass, dass nieft der EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen och den NATO-Generalsekretär Mark Rutte, den däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz, de franséische President Emmanuel Macron, de brittesche Premier Keith Starmer, déi italieenesch Regierungscheffin Giorgia Meloni an de finnesche President Alexander Stubb un deem Meeting wäerten deelhuelen. Et wäert ënnert anerem ëm Sécherheetsgarantië goen, grad esou wéi ëm territorial Froen an déi weider Ënnerstëtzung vun der ukrainescher Defense géint déi russesch Aggressioun. Dozou gehéiert och d'Oprechterhale vum Drock vu Sanktiounen.

D'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen empfänkt e Sonndeg am Nomëtteg de Wolodymyr Selenskyj zu Bréissel, fir gemeinsam mat him un der geplangter Videokonferenz vun der sougenannter "Koalitioun vun de Wëllegen" deelzehuelen, déi och de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden suivéiere wäert.

Virun der Reunioun gouf et eng Pressekonferenz, op där d’Ursula von der Leyen dem Donald Trump seng Propositioun, fir der Ukrain NATO-änlech Sécherheetsgarantien ze offréieren, begréisst huet. Si huet awer och insistéiert, datt d’Ukrain hir territorial Integritéit misst behalen.

De Wolodymyr Selenskyi huet iwwregens erkläert, datt hie vu russescher Säit kee Wëlle géif gesinn, fir op engem Dräier-Sommet tëscht den USA, Russland an der Ukrain zesummen ze kommen.