De Marius Borg Høiby, Fils vun der norwegescher Krounprinzessin, soll sëllege Frae sexuell mëssbraucht hunn. Dat huet de Parquet matgedeelt.

Virun engem Joer waren éischt Virwërf wéinst presuméierte Vergewaltegungen opkomm, elo huet de Parquet de Marius Borg Høiby offiziell ugeklot, wéi et vum zoustännege Procureur Sturla Henriksbø zu Oslo geheescht huet. Den eelste Fils vum Mette Marit, déi mam norwegeschen Trounfollger Haakon nach zwee weider Kanner huet, hat zouginn, Alkohol a Kokain consomméiert ze hunn. Hie wier dobäi gewalttäteg géintiwwer senger deemoleger Frëndin ginn an hätt och Saachen an hirer Wunneng zerstéiert.

Bei de Virwërf ass et net bliwwen, d'Police huet ermëttelt. Elo koum et wéi gesot zur Uklo, ënner anerem wéinst e puer Sexualverbriechen an déi kéinten och e puer Joer Prisong als Konsequenz hunn. Den Høiby huet d'Uschëllegunge bis ewell ofgestridden.