Déi gréisste Krankekeess an Däitschland huet en Dënschdeg hir Zuele fir 2024 publizéiert, dat mat neiem Rekord fir verschriwwe Präparater.

Am Joer 2024 hunn déi Verséchert vun der Techniker Krankenkasse (TK) an Däitschland esou vill Medikamenter verschriwwe kritt, wéi nach ni. Enger Analys no hunn déi Verséchert vun der TK am Joer 2024 Rezepter fir ronn 33 Millioune Präparater mat bal 1,9 Milliarden deeglechen Dosen an den Apdikten ageléist, wéi d'Krankekeess e Méindeg matgedeelt huet.

Am Duerchschnëtt krut all Versécherten 285 deeglech Dose verschriwwen. De Volume ass domat bannent engem Joer ëm ronn 3,4 Prozent geklommen.

Am heefegste goufe Medikamenter fir Häerz a Kreeslaf verschriwwen – am Duerchschnëtt 108 deeglech Dose pro Versécherten – dorënner zum Beispill Mëttel fir de Bluttdrock erofzebréngen. Op der zweeter Plaz sti Medikamenter fir Mo an Daarm mat ronn 37 deeglechen Dosen, dono komme Medikamenter fir den Nervesystem mat ronn 31 deeglechen Dosen.

Op Länner-Niveau gouf et deelweis grouss Ënnerscheeder, wéi TK annoncéiert. Déi meescht Medikamenter goufen a Sachsen-Anhalt verschriwwen, am Duerchschnëtt 327 deeglech Dosen. Duerno koum d'Saarland mat 322, Schlussliichter ware Baden-Württemberg mat 252 sou wéi Bayern a Berlin mat jeeweils 257.

Stand 2025 huet d'Techniker Krankenkasse mat bal 12 Milliounen déi meeschte Verséchert an Däitschland.