Och wann et eng "gutt Reunioun" am Wäissen Haus war, géingen et nach vill Onsécherheete bei de Friddensverhandlungen am Ukrain-Krich ginn.

Xavier Bettel "virsiichteg optimistesch" / Reportage Michèle Sinner

De Lëtzebuerger Ausseminister ass "virsiichteg optimistesch", datt e zu engem bilateralen Treffen tëscht dem ukrainesche President an dem russesche President kënnt, fir iwwert e Fridden an der Ukrain ze negociéieren. Dat sot hien am RTL-Interview e Mëttwoch den Owend am Journal op der Télé. D’Reunioun zu Washington tëscht dem Wolodymyr Selenskyj an dem US-President Donald Trump mat den europäesche Partner e Méinden zu Washington wier eng "gutt Reunioun" gewiescht.

Treffen zu Budapest wier "eng riicht an d'Gladder"

Mee hie seet och, hie wéisst net, wéi et géing weidergoen. Et géing vill Onsécherheete ginn an och schonn Unzeechen, datt de Projet vun esou engem Treffe kéint schif goen. Dozou gehéiert dem Xavier Bettel no d’Plaz, wou d’Treffe soll sinn. Am Wolodymyr Selenskyj senger Plaz géif hien net op Moskau fueren, esou wéi de Kreml dat proposéiert hätt. Ma hien huet och mat der amerikanescher Iddi Probleemer, fir d’Treffen an der ungarescher Haaptstad Budapest ofzehalen.

De Xavier Bettel sot: "Do kréien ech d'Pautschen an d'Gesiicht, well Budapest ass dat Land, wat am Moment seet, dass se näischt wëlle mat der Ukrain ze dinn hunn. An da soll dat, dat Land sinn, wat da soll do Friddensgespréicher och organiséieren."

Vis-à-vis vun deenen anere 26 EU-Länner, wier dat "eng riicht an d’Gladder".

Kee Vertrauen an de Putin a Kritik um Trump

De Lëtzebuerger Ausseminister huet och schlecht Erfarunge mam russesche President Wladimir Putin gemaach, mat deem hie virun dräi Joer, nom Ufank vun der russescher Offensiv op d’Ukrain, dacks stonnelaang telefonéiert hätt, fir Léisungen ze negociéieren. Dräi Deeg no esou engem Telefonat wier d’Massaker vu Butscha gewiescht. "An do hunn ech gesinn, wéi et do mam Vertraue konnt sinn."

De Lëtzebuerger Ausseminister huet awer och net mat Kritik um US-President gespuert. "Wéi ech déi Biller [vun der Reunioun zu Washington] gesinn hunn, war ech awer e bëssen iwwerrascht. Et huet een d’Gefill gehat, et wier sou de Schoulmeeschter, deen am Oval Office d'Zensure géif verdeele bei de Schüler. Mee dann elo, dat ass eeben en Deel vun der Psychologie, déi een am Moment muss hunn, en amerikanesche President, deen awer éischter der Ukrain de Réck stäipt."

Ma datt et bei deem Support bleift, do ass de Xavier Bettel virsiichteg: "Mee mir wëssen awer och: den amerikanesche President ass ganz oft dee Leschten, deen d'Dier zou mécht, deen dann d'lescht Gehéier hat, deen dann elo och Recht kritt huet."

Doraus schéngt ee geléiert ze hunn. Den Ausseminister sot nämlech: "Mam President Trump hu mer elo e Wee fonnt, andeem een dräimol seet, wéi frou ee mat em ass a wéi gutt en ass, an dass een da vläicht eppes Positives ka kréien. Et ass net mäi Stil, mee dat schéngt dohannen unzekommen."

Europa nees zesumme gewuess

Fir hie wier wichteg, datt Europa nees zesumme gewuess wier: "Dass mer zesumme fäerdeg bruecht hu mat de Leaderen, europäesche Leaderen, do zesummen ze sinn."

Wat d’Moyene vun de Europäer ugeet, fir op Russland anzewierken, seet de Xavier Bettel, d’Wirtschaftssanktioune géint Russland géife wierken: "Mir gesinn eng russesch Wirtschaft, déi awer ganz fragil gëtt. Och eppes, wat de President Putin ënner Drock setzt, ass eeben och déi wirtschaftlech Situatioun, déi am Moment a Russland ass."