Mat Booter a Schëffer sinn den Ament honnerten Aktivisten, dorënner och Lëtzebuerger, a Richtung Gaza ënnerwee.

Ob d'Aktivisten iwwerhaapt bis a Gaza kommen ass onkloer, dat well scho méi dacks Schëffer vun der israeelescher Arméi interceptéiert gi sinn. Mat der Aktioun wëllen d'Aktivisten een Zeeche géint d'Occupatioun vum palästinenseschen Territoire setzen an op déi humanitär katastrophal Lag a Gaza opmierksam maachen.

Mat Schëffer Richtung Gaza - Reportage Céline Eischen

Aus 44 Länner, dorënner och Lëtzebuerg, maache sech Aktivisten vu verschiddenen Häfen aus Europa, Afrika an Asien dës Woch op de Wee a Richtung Gaza. Et wéilt ee mat der Aktioun déi maritim Blockade ënnerbriechen an de Leit sur place hëllefen, esou de Patrick Bosch vu Global Movement to Gaza Lëtzebuerg: "Les objectifs de la flotille sont strictement humanitaires, en brisant le siège illégal de la bande de Gaza, en ouvrant un couloir humanitaire, et en exigeant l'arrêt du génocide en cours à Gaza."

Bekannt Aktiviste wéi déi schwedesch Gretha Thunberg sinn un der Aktioun bedeelegt. Am Ganze gi sech iwwer 1.000 Demonstranten erwaart.

Vun den dräi Lëtzebuerger ass och d'Maya Garman dobäi, déi sech vun der Aktioun erhofft, nees een humanitären Korridor opzemaachen, deen et erméiglech, Hëllefsgidder a Gaza ze liwweren: "Nous avons enfin l'occasion de faire quelque chose de très concret, pour lutter contre cet impérialisme colonial et génocidaire qui se répand dans la région, et surtout contre le blocus de Gaza qui étrangle les Palestiniens depuis 2007, sans jamais leur laisser un moment de répis. Ma motivation est simple, aider, apporter une assistance, me comporter en être humain, mais aussi montrer qu'il existe des personnes capables de passer outre leurs intérêts personnels et de se souvenir de cette humanité."

En Donneschden geet et fir déi Lëtzebuerger Delegatioun vum Hafe vun Tunis aus a Richtung Gaza, wou d'Arrivée fir den 12. September virgesinn ass.

Mat der Aktioun well een och een Appell un d'Lëtzebuerger Regierung maachen, esou de Patrick Bosch: "Ce qu'il faudrait c'est un arrêt de la collaboration commerciale et militaire au niveau européen, l'activation des mécanismes qui sont prévus par les traités internationaux, également agir sur les flux financiers sur lesquels le Luxembourg pourrait agir, ls investissements notamment des fonds de pensions."

Doriwwer eraus géif ee sech och vun der Regierung erhoffen, datt d'Delegatioun op hirer Rees géif protegéiert ginn. Dat well Booter mat Aktiviste scho méi dacks vun der israeelescher Arméi gestoppt gi sinn an et och hei onkloer ass, wéi wäit d'Aktiviste komme kënnen.

D'Lëtzebuerger Regierung hat jo ugekënnegt, Palestina ënner gewësse Konditiounen am Kader vun der UN-Vollversammlung wëllen unerkennen. De Premier Luc Frieden an den Ausseminister Xavier Bettel reesen am September dofir op New York.