Zu Tianjin a China huet de Sommet vun der Shanghaier Organisatioun fir Zesummenaarbecht, kuerz SOZ genannt, e Sonndeg ugefaangen.

Op Invitatioun vum chineesesche President Xi Jinping si méi wéi 20 Staats- a Regierungscheffe mat derbäi, dorënner de russesche President Putin, awer och d’Leader aus dem Iran, Pakistan, Belarus, Indien a villen zentral-asiatesche Länner sinn derbäi.

E Mëttwoch ass dann eng grouss Militärparad, wou dann och Nordkorea an d’Tierkei wäerte kommen. Als eenzege Vertrieder vun der EU ass de slowakesche Premier Fico vertrueden. De Xi sot a senger Ouvertures-Ried, dass hien déi aktuell Tendenzen a Mentalitéite vun engem neie Kale Krich tëscht West an Ost géif verurteelen. Déi aktuell Welt-Lag wier chaotesch.

D’SOZ-Staate misste wéinst de Streidereien an der Handelspolitik elo enk zesummestoen. Dat kéint een als Appell un Indien verstoen. China an Indien wëllen hir gemeinsam Relatiounen, déi historesch ëmmer schwiereg waren, nämlech verdéiwen.

Putin verdeedegt d'Attacken op d'Ukrain – a gëtt dem Westen d'Schold

An enger éischter Ried huet de Wladimir Putin d'Invasioun an d'Ukrain verdeedegt an dobäi de westleche Staaten d'Schold zougesprach: "Dës Kris ass net duerch déi russesch Attack op d'Ukrain ausgeléist ginn, mee war e Resultat vun engem Coup an der Ukrain, dee vum Westen ënnerstëtzt a provozéiert gouf." Donieft sollen déi unhalend Versich, d'Ukrain "an d'Nato ze zéien", ee weidere Grond fir déi aktuell Kris sinn, sou de Putin weider.

De russesche President huet sech donieft fir eng nei Weltuerdnung ausgeschwat, déi sech net méi no Europa an den USA ausriicht. Den eurozentreschen an euroatlantesche Modell wier iwwerlieft. D'Zukunft gehéiert engem System, "deen d'Interessie vun engem maximal grousse Krees u Länner berécksiichtegt a reell ausbalancéiert ass", sou de Kremlchef der staatlecher russescher Noriichtenagence Tass no.