Presuméierte Mäerder vun zwee Poliziste gëtt wuel verstoppt

© AFP/William WEST
Nodeems zwee Polizisten erschoss goufen, geet d'Police dovunner aus, datt de Verdächtege vun engem oder méi Ënnerstëtzer verstoppt kéint ginn.
"Leit kennen d'Plaz, wou d'Persoun sech ophält, déi zwee Polizisten ëmbruecht huet", esou de Brett Kajan, Policechef vum Sichgebitt am Bundesstaat Victoria, e Méindeg. Si hätte sech "aus wéi enge Grënn och ëmmer" dofir decidéiert, dem schwéier arméierte Mann eng Schauteng ze ginn a sech net bei der Police ze mellen.
De Policechef wollt awer net soen, ob d'Police vun engem oder vun e puer Leit ausgeet, déi hëllefe kéinten. De Kahan huet sech och net weider dozou geäussert, wourop d'Polizisten hir Informatiounen zu méiglechen Ënnerstëtzer baséieren. "Dir begitt ee besonnesch schwéiert Verbriechen, wann Dir dem Dezi Freeman Schauteng gitt, oder him bei der Flucht hëlleft", war säin Appell un déi méiglech Komplize vum Verdächtegen.
De 56 Joer ale Freeman hat leschten Dënschdeg a sengem Haus zu Porepunkah am Nordoste vu Victoria op eng Grupp vu Poliziste geschoss an huet dobäi zwee vun hinnen déidlech getraff. No de Schëss am Südoste vun Australien ass hien an den Outback geflücht a gëllt zanterhier als verschwonnen. De Policechef Kahan sot, d'Police hätt schonn Honnerten Hektar Land nom Verdächtegen duerchsicht, ma d'Sich geet nawell weider.
Australesche Medien no wier de Verdächtegen ee Supporter vu radikale Verschwierungstheorien. Hie gehéiert deemno der Grupp vun de "Souveräne Bierger" un, déi de Staat a seng Gesetzer net unerkennen. Si si vergläichbar mat der däitscher Gruppéierung vun de "Reichsbürger". Am Kader vun den Ermëttlungen hat d'Police d'lescht Woch ee Grondstéck duerchsicht. Dem presuméierten Täter seng Fra a säi Jong goufen zäitweis festgeholl a verhéiert.
Déidlech Schéissereie sinn an Australien éischter seelen, nach méi seele gi Polizisten doutgemaach. Een änleche Virfall wéi am Bundesstaat Victoria gouf et fir d'lescht am Dezember 2022 am nordëstleche Bundesstaat Queensland. Deemools si bei engem Policeasaz op engem ofgeleeëne Grondstéck zwee Polizisten a véier weider Persounen ëmkomm.
Zanter engem Amoklaf op der Insel Tasmanien am Joer 1966, bei deem een arméierte Mann 35 Leit doutgemaach hat, sinn automatesch an hallef-automatesch Waffen an Australien verbueden.